Onhaltbar Zoustänn an de Poliklincke vum Land?

Eenzel Patienten hunn eis zougedroen datt si, an enger vun de Poliklinike vum Land, iwwer 6 Stonnen hu misse waarden éier se un d’Rei komm sinn. An eenzele Klinike schéngt et och sou ze sinn, datt nëmmen een eenzegen Dokter zur Dispositioun steet. Dobäi soll et sech em e Generalist handelen. D’Fro stellt sech, ob dëse Service net ganz dréngend am Interessi vun de Leit mat engem gesondheetleche Problem verbessert misst ginn.

D’Äntwert vum Gesondheetsminister dréit der Drénglechkeet vun der Situatioun an de Poliklinicke leider net Rechnung.

       

 

Deel dëse Post: