Ongereimtheeten an de Crèchen a Maison Relaisen

Am Kontext vu villen Ongereimtheeten an de Crèchen a Maison Relaisen hunn de Fernand Kartheiser an de Fred Keup d’Regierung mat enger Hellewull vu substantielle Froe konfrontéiert:

Fro:

Am System vun de Strukture fir Kanner gëtt et eng ganz Rei vu Phenomener, déi bei ville Leit fir Irritatioune suergen. An deem Kontext hu mir folgend Froen un d’Häre Ministeren:

  1. Ee vun deene grousse Problemer ass, datt vill Crèchen nëmmen Aschreiwunge fir pauschal 30 oder 60 Stonnen erlaben, och wann hir Déngschter eigentlech net an deem Mooss gebraucht ginn. Konkret heescht dat jo och, datt fir vill Elteren an de Staat zum Deel ganz héich Käschten entstinn, fir déi awer op där anerer Säit keng Leeschtung erbruecht gëtt. An de Crèchen a Foyere ginn dat ganzt Joer iwwer Presenze verrechent, och wann d’Struktur zou ass, d’Kand krank oder mat den Elteren an d’Vakanz ass, obschonn do keng Leeschtung stattfënnt. Sollten d’Aschreiwungen an d’Crèchen oder aner Strukture gesetzlech net esou encadréiert ginn, datt si méi flexibel musse ginn oder awer datt nëmme Presenzstonne vun de Kanner kënne verrechent ginn?
  2. Nom „Congé parental“ si vill jonk Elteren, déi hir Kanner wëllen an eng Struktur ginn, domat konfrontéiert, datt déi zwanzeg Gratisstonne fir de plurilinguale Programm eréischt de Mount nom Alter vun engem (1) Joer un applizéiert ginn. Dowéinst mussen déi jonk Elteren dann dräi oder sechs Méint laang op déi 20 Gratisstonne verzichten, a si fale wärend där Zäit an déi deier Tranche horaire a kréien och den Depassement op déi voll Stonnenzuel verrechent (den Depassement gëtt net op déi 20 Gratisstonne vum plurilinguale Programm verrechent). Wëll d’Regierung d’Gesetz esou änneren, datt déi 20 Gratisstonnen z.B. scho vun engem Liewensalter vun néng Méint u kënne gräifen?
  3. Bei den Dageseltere ginn et keng Gratisstonnen, wann si och Lëtzebuergesch mat de Kanner schwätzen (also e plurilinguale Programm offréieren). Wëll d’Regierung op de Wee goen, fir och bei der Betreiung duerch Dageselteren, déi eng plurilingual Betreiung ubidden, zwanzeg Gratisstonnen ze verrechnen?
  4. De facto schéngt et esou ze sinn, datt a ville Crèchen, déi behaapten, et géif och Lëtzebuergesch mat de Kanner geschwat ginn, dat an der Praxis net geschitt. De Staat bezilt de Crèchen awer e Supplement pro Stonn a pro Kand fir de plurilinguale Programm. An engem gewësse Mooss schéngt esouguer eng Praxis ze bestoen, datt bei „Portes ouvertes“, bei der Aschreiwung vun de Kanner oder bei ugemellte Kontrollen zwar lëtzebuergeschsproochegt Personal present ass, dat awer dono ofgezu gëtt an op anere Plazen „gewise“ gëtt. Weess d’Regierung vun esou Praktiken? Wëll d’Regierung d’Gesetz esou änneren, datt an Zukunft och net ugemellte Kontrolle vum plurilinguale Programm kënnen duerchgefouert ginn? Wéi vill net ugemellte Kontrolle goufen an deene leschte Jore gemaach, a mat wéi enge Resultater?
  5. Net all Kand kritt eng Plaz an enger Maison Relais, wat fir déi betraffen Eltere vill zousätzlech Käschte mat sech bréngt. Si mussen dann dacks den Depassement a Foyeren oder Crèchë bezuelen, och wärend deene Méint, wou Schoul ass a wou d’Kannerbetreiung jo am Prinzip soll gratis sinn. Och wärend de Schoulperioden, an deenen d’Kanner jo 26 Stonnen an der Schoul sinn, gëllt fir vill Strukturen, datt si nëmme Kontrakter ubidden, déi wäit iwwer deene reelle Besoine vun den Eltere leien. Wéi wëll d’Regierung fir Gerechtegkeet tëschent deenen Eltere suergen, déi fir hiert Kand eng Plaz an enger Maison Relais konnte kréien, an deenen, déi déi Chance net haten? Ass et akzeptabel, datt Kontrakter vu Strukturen ugebuede ginn, déi finanziell oder temporär Dispositiounen hunn, déi u sech eng Exploitatioun vun deenen Eltere bedeiten, déi hir Kanner net konnten an enger Maison Relais ënnerbréngen?
  6. Bei der Berechnung vun den Tariffer an de Vakanze vun net schoulflichtege Kanner kënnt et duerch de Plaffong vun den 100€/Woch bei engem Akommes vun > 2,5-mol de Mindestloun zu sozialen Ongerechtegkeeten. Wärend de Schoulzäiten an iwwer d’ganzt Joer gerechent ass dës ongerecht Tarificatioun souguer schonns vun 2-mol de Mindestloun u bemierkbar. Wëll d’Regierung un där aktueller Tarifstruktur festhalen (Erhéijunge pro Echelon SSM, Limitatioun op 100 Euro/Woch wärend de Vakanzen, respektiv Ophiewe vum Plaffong vun 100 Euro fir Kanner vu 4-12 Joer)?
  7. Verschidde Crèchë froen no Dokumenter (Chèque-Service Accueil, Kontrakter…), aus deenen d‘Akommes vun den Eltere kann ofgeleet ginn, a verlaangen, datt d’Kanner laang am Viraus ugemellt ginn, a froen dann och scho Sue fir déi Perioden tëschent der Umeldung an där effektiver Presenz vun de Kanner. Kennt d’Regierung esou Praktiken, a wa jo, wat wëll si dogéint ënnerhuelen?

Äntwert:

Ad 1)
Eng Reform vum Finanzement vun de Bildungs- a Betreiungsstrukture war an der leschter
Legislaturperiod ugeduecht ginn, mee konnt awer net méi agefouert ginn. D’Verrechne vun de Stonnen
duerch déi verschidden Träger aus der non-formaler Bildung soll am Kader vun enger Finanzreform
iwwerduecht ginn.
Ad 2) a 5)
Déi 20 Gratisstonne fir de plurilinguale Programm gëllen net eréischt fir Kanner am Alter vun engem Joer an engem Mount, mee ab dem Mount wou d’Kand 1 Joer kritt. Och dës Elementer wäerte Géigestand
vun enger Reform vum Finanzement vun de Bildungs- a Betreiungsstrukture sinn.
Ad 3)
Och dës Elementer wäerte Géigestand vun enger Reform vum Finanzement vun de Bildungs- a
Betreiungsstrukture sinn.
Ad 4)
Dem Service, dee fir d’Reklamatiounen am Secteur vun der non-formaler Bildung zoustänneg ass, si keng
esou Doleancen zougedroe ginn.
De Programm vun der Méisproochegkeet (EPL) ass verflichtend fir all Crèche, déi eligibel Kanner
encadréiert. Et gi Kontrolle gemaach, ier d’Unerkennung fir de Prestataire Chèque-service accueil (CSA)
accordéiert gëtt. Den Träger muss beleeën, datt all déi gesetzlech Konditiounen erfëllt sinn.
Net ugekënnegt Kontrollen, ënner anerem vum EPL, ginn elo scho vum zoustännege Service
duerchgefouert. Hei gëtt net aleng d’Méisprochegkeet, mee am Allgemengen d’Konformitéit zu de
Gesetzer a Reglementer iwwerpréift. Um Niveau vum Personal, ginn an der Reegel all d’Servicer vun
engem Gestionnaire/Grupp zesumme gekuckt, fir ze vermeiden, datt d’Personal z. B. den C1 op méi
Plazen declaréiert.
Am Joer 2023 si bis elo 115 administrativ Kontrollen an/oder Inspectiounen duerchgefouert ginn. Wei
an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr. 7856 preziséiert gouf, sinn an de leschte Jore ronn 335 net
ugekënnegt Kontrollen an de Bildungs- a Betreiungsservicer duerchgefouert ginn.
Fir sech par rapport zu de festgestallte Verstéiss ze konforméiren, gouf de jeeweilegen Träger eng
predefinéiert Frist accordéiert. An zwee Fäll kruten d’Träger d‘finanziell Hëllef vun der EPL gestrach, well
si net konform waren. Zwou Suspensioune vun der Hëllef fir d’Méisproochegkeet sinn ausgeschwat ginn.
Eng Rei Träger hunn dem Staat missten d’Suen erëmbezuelen, well hire Service net konform war.
Ad 6)
Och dës Elementer wäerte Géigestand vun enger Reform vum Finanzement vun de Bildungs- a
Betreiungsstrukture sinn.
Ad 7)
Wat d’Areeche vun Dokumenter, aus deenen d‘Akommes vun den Eltere kann ofgeleet ginn, ubelaangt,
esou ass dës Praxis den Agente vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend net bekannt. D’Eltere
ginn op d’Gemeng respektiv op d’Zukunftskeess fir de CSA-Kontrakt ze ënnerschreiwen a ginn dee
Moment Dokumenter zum Akommes of. Fir den Träger vun enger Crèche sinn dës Informatiounen net
relevant, weeder fir seng Fakturatioun am CSA nach fir de Kontrakt mat den Elteren.
Wat d’Umeldung vun de Kanner betrëfft, sou muss ee wëssen, datt d’Aschreiwung vun de Kanner ënnert
d’Responsabilitéit vum Träger vun enger Betreiungsstruktur fält. Den Träger ass verflicht, d’Kapazitéit,
déi hie via Agrement accordéiert krut, ze respektéieren. Den Träger dierf net méi Kanner ophuelen, wéi
hie Plazen huet an ass gläichzäiteg drun interesséiert, all seng Plaze besat ze hunn. Dofir ass et sënnvoll
fir d’Elteren, fir hir Kanner sou frei wéi méiglech an enger Betreiungsstruktur unzemellen. Fir eng Plaz
kënne garantéiert ze kréien, froe verschidde Betreiungsstrukture bei den Elteren eng Kautioun, déi net
vum Staat iwwerholl gëtt, dëst ënner anerem och fir ze vermeiden, datt d’Eltere kuerzfristeg ofsprangen
an den Träger seng Plazen net besat huet. Doriwwer eraus si keng aner Praktiken an dësem Kontext
bekannt.

 

 

 

Deel dëse Post: