Ongerechtegkeete schafen fir Ongerechtegkeeten ofzeschafen

D’ADR huet géint d’Reform vun de Gemengefinanze gestëmmt, déi de Banneminister Dan Kersch proposéiert hat. Wourëm geet et? eenzel Gemenge, besonnesch Nidderanven a Betzder sinn am Geld geschwommen well deen ale System si extrem bevirdeelegt huet. Duerfir hu Groussbetriber an Industriezone gesuergt, déi hinnen bal ouni eegen Initiative “an de Schouss gefal” waren. No deem neie System kréien dës Gemengen zwar manner. Mä ganz vill Landgemengen am Norden an am Oste vum Land kréien och vill Sue manner. Dobäi sinn esou Gemenge mat groussen, relativ dënn bewunnte Flächen (wéi Wëntger hei op eiser Photo) natierlech méi deier, wat den Ënnerhalt an d’Infrastruktur ugeet … a si sinn flächeméisseg zum Deel duerch staatlechen Encouragement fir Fusioune gewuess. Si ginn also zum Deel haut bestroft, well se gëschter dem Staat gefollegt a fusionéiert hunn. Explikatioune mam Gast Gibéryen.

Déi Benodeelegung setzt sech fort an der neier Berechnung vun de Soziallaaschten a beim Fonds de l’Emploi, wou déi Landgemengen elo musse matbezuelen fir Personal, wat besser gestallte Gemengen sech am Géigesätz zu hinne besser erlaben kënnen. Op deem Punkt hat den ADR-Deputéierte e Wuertwiessel mam Woltzer Buergermeeschter, wat d’Verdeelung vun de Suen bei de Landgemengen ugeet. Op där aner Säit kréie Gemengen, déi sech extrem gutt stinn, no dëser Reform nach méi Suen. D’Stad Lëtzebuerg huet enorm finanziell Reserven a kritt Sue bäi. Och Mamer an Hesper kënne finanziell net kloen a gi mat dëser Reform nach méi räich. Hei dem ADR-Deputéierte seng Iwwerleeung.

De Gast Gibéryen huet net nëmme fir d’Landgemenge geschwat. Hie bezweifelt och der Regierung hiren Usaz, datt déi Gemenge mat manner wéi 1000 Awunner iwwer de Wee vu finanzielle Strofen sollen zu Fusioune forcéiert ginn.

Deel dëse Post: