Ongeléiste Fourrière-Problem am Süden

Am Süde vum Land encombréiere weiderhin Autoen, déi vun der Police konfiszéiert goufen, d’Parkplaze mat hiren typesche gielen „Krallen‟. Schonn Enn Januar hat de Gemengesyndikat ProSud eng Resolutioun un de Minister geschéckt, an där hien zu enger schneller Léisung vum Problem opgefuerdert gouf. De Minister hat dunn awer just eng provisoresch Léisung um Site Raemerich ugekënnegt, woubäi dës Fourrière awer fréistens 2023 a Betrib goe kéint. Dës Léisung ass fir déi betraffen Urainer net akzeptabel. Wéi geet et elo weider mat deem Problem?

Deel dëse Post: