Ombudsmann fir Drëtten Alter gefuerdert!

Fir d’ADR ass et ganz wichteg datt den Drëtten Alter an eiser Gesellschaft méi en héije Stellewäert kritt. Ulafstelle wéi de Seniorentelefon oder de Centre d’égalité de traitement gi net duer. Fir d’Problemer vum Drëtten Alter ze behandelen, misst en Ombudsmann zoustänneg sinn, änlech wéi den Ombudsmann fir d’Kanner.  De Fernand Kartheiser fuerdert méi e respektvollen an och méi wierdegen Ëmgang mat den eelere Mënschen am Land. An der Corona-Kris hätt d’Regierung d’Wuel vun de Mënsche misse méi staark an de politesche Fokus stellen. Am Plaz d’Leeschtunge vum Adapto erofzesetzen, misst een d’Mobilitéit vun deenen eelere Leit déi eng Behënnerung hunn, dréngend verbesseren. Dat fir datt si um Gesellschaftsliewen deelhuele kënnen.

De Fernand Kartheiser fuerdert méi Respekt virum Drëtten Alter! (Video: 5’51”)

 

Deel dëse Post: