Ombudsman: fir en demokrateschen, transparente Staat [Video]

Wéi den Ombudsman 2003 agefouert gouf, haten d’Verwaltungen e bëssen Angscht virun engem neie Schoulmeeschter, deen hinne géing soen, wéi se sollte schaffen. Haut ass déi Institutioun Normalitéit, wéi de Gast Gibéryen de 6. Juli an der Chamber bei senger Bewäertung vum Rapport vum Ombudsman gemengt huet. An déi relativ wéineg Fäll bei esou vill Verwaltungsakten am Joer géingen d’gutt Aarbecht vun de Staats- a Gemengeverwaltunge weisen.

Esou en Zerviss wär awer net nëmme fir ze reklaméieren. Schéi wär et, wann de Bierger och kéint Suggestioune maachen. De Gast Gibéryen hat och direkt eng esou: En Auto un- oder ëmmellen zu Sandweiler dierft net méi wéi eng Stonn daueren, esou den ADR-Deputéierten.

Deel dëse Post: