Ombudsman: esou wichteg an esou ville Beräicher

An der Diskussioun iwwert de Joresrapport vum Ombudsman huet de Roy Reding sech frou gewisen iwwert d’Tribün, déi dës Institutioun virun der Chamber kritt. Et wär un der Chamber Konsequenzen ze zéien a Mëssstänn, vun deenen am Rapport ze liesen ass, gesetzlech auszeraumen. Duerfir huet de Roy Reding drun erënnert, datt d’ADR och en Ombudsman fir eeler Leit verlaangt. Nieft Kanner an dem Bierger am Kontakt mat der Staatsverwaltung wäre si och als Grupp duerch esou e Mediateur ze protegéieren.

A senger Ried ass den ADR-Deputéierten op zwee Aspekter vum Rapport agaangen. Eemol goung et him em de Schutz vum Locataire, deen an Diskussiounen iwwert Haiser a Wunnengen net dierft zum Spillball tëscht Gemeng a Proprietaire ginn. Zweetens huet hien op d’Situatioun vum Bierger virun der Steierverwaltung an dem Enregestrement verwisen an dem Ombudsman seng Fuerderung no méi engem generéise Gebrauch vun der Remise gracieuse a gewësse Fäll ënnerstëtzt. Selwer huet de Roy Reding ugekënnegt, mat engem Gesetzvirschlag dës Remise gracieuse, déi et bei der Steierverwaltung gëtt, och fir den Enregistrement anzeféieren.

 

Deel dëse Post: