En Ombudsman ersetzt an Zukunft den ORK. Dat dementspriechend Gesetz ass elo an der Chamber mat 56 Jo Stëmmen ugeholl ginn.D’ADR huet sech als eenzeg Partei enthalen, de neien Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher bedäit d’schaafe vun enger weiderer Institutioun am Land, deer et jo schonn eng yet am Land gëtt.Do stelle sech virun allem Problemer vu Kompetenzen. Eng Fro déi och scho vum Staatsrot opgeworf ginn ass, wien fir wat kompetent ass. Weider kritt de neien Ombudsman ganz stark nei Rechter, bal wéi bei der Police Judiciaire. Fir d’ADR muss d’Famill un éischter Stell stoen, hei kéint eng Tendenz entstoen fir d’Famill z’iwwergoen.