Olympia an den olympesche Fridden

Alt erëm riskéiert eng Olympiad aus politesche Grënn boykottéiert ze ginn oder Länner mussen auszeschléissen. Gemengt sinn d’Olympesch Summerspiller zu Paräis 2024, déi d’Auswierkungen vum Krich an der Ukrain ze spiere kréien. De Fernand Kartheiser an de Jeff Engelen froen, wat d’Positioun vun eiser Regierung an dëser Saach ass. Si vergiessen awer net, eng Lanz ze briechen fir déi vill Spëtzesportler, déi aus politesche Grënn vun hire jeweilegen Nationalverbänn ausgeschloss gi sinn an déi esou de Wee op Paräis barrikadéiert kritt hunn.

Fro

Schonn nees zirkuléieren am Virfeld vun Olympesche Spiller, déi Kéier vun denen zu Paräis am Joer 2024, Iddien fir Boykotter oder och vum Ausschloss vu Länner.

Gläichzäiteg wiisst och d’Zuel vun Athleten, déi un Olympesche Spiller net deelhuele kënnen, well si aus politesche Grënn vun hire respektiven, nationalen Daachverbänn gespaart gi sinn.

An dësem Kontext hu mir dës Froen un den Här Sportminister:

  1. Huet d’Regierung eng prinzipiell Positioun, wat de Boykott vu Spiller oder den Ausschloss vun engem Land vun Olympesche Spiller oder groussen internationale Sportmanifestatiounen ugeet? Ass si der Meenung, datt de Sport soll verbannen an net trennen? Deelt si déi Virstellung vun engem olympesche Waffestëllstand?
  2. Vertrëtt d’Regierung, an internationale Gremien am Beräich vum Sport, an deene si vetrueden ass, de Prinzip vun der Universalitéit vun den Olympesche Spiller an d’Iddi, datt international Sportmanifestatioune sollen dozou déngen, datt d’Länner an d’Leit sech op eng friddlech Manéier treffen a besser kenne léiere sollen?
  3. Trëtt d’Regierung dofir an, datt op internationalem Niveau solle Léisunge fir Athlete fonnt ginn, déi aus politesche Grënn vun hiren nationalen Sportverbänn gespaart goufen?

Äntwert

Deel dëse Post: