Oktoberrevolutioun zu Rëmeleng: D’Hypokrisie vun der LSAP!

De sozialistesche Buergermeeschter Henri Haine geet zu Rëmeleng eng Koalitioun mat de Kommunisten an – eng kleng Revolutioun, wann ee bedenkt, datt d’KPL zanter Joerzéngten kee Schäffe méi an engem Gemengerot gestallt huet. Nach méi revolutionär ass allerdéngs, datt grad d’LSAP esou eng Koalitioun ageet, ëmmerhi steet d’KPL an hirem Walprogramm kloer fir d’Ofschafe vum Kapitalismus a vum Privatbesëtz vu Firmen a Banken, fir d’Opléise vun der Europäescher Unioun an hirer jëtzeger Form an d’Festhalen u lénksextremistesche Positiounen ouni all Distanzéierung zu leninistesch-stalinisteschen Dogmen. Extremismus an oppen EU-Feindschaft ginn Hand an Hand.

Engem Etienne Schneider däerft d’Ofschafe vum Kapitalismus wuel manner gefalen. Fir de sozialisteschen Aarbechtsminister gehéiere wirtschaftlech Prestigeprojeten, wéi d’Implementatioun vu multinationale Konzerner zu Lëtzebuerg zu de wesentleche Piliere vun der Existenzberechtegung vun der LSAP. An den Ae vun der KPL ass d’Regierung dofir eng Marionett vum kapitalistesche System – Widderspréch, déi méi substantiell wuel kaum si kéinten.
Fir den Henri Haine aus der sozialistescher Héichbuerg vu Rëmeleng alles hallef sou wëll: Et wär een sech an de Koalitiounsverhandlunge mat der KPL schnell eens ginn, de Walprogramm vun der KPL wär deem vun der LSAP zu Rëmeleng op alle Fall am noosten gewiescht an iwwerhaapt, béid Parteie wäre jo sozial orientéiert. Déi politesch Nonchalance mat där den LSAP-Mann de Kommunisten d’Dieren fir d’Gemengeféierung opmécht wierkt scho bal grotesk. Awer wéi gesot: Alles hallef sou wëll, schliisslech hunn sech béid Parteien um nationalen Niveau d’Hand ginn an der Eenheet vum Widderstand géint e gemeinsame Géigner: d’ADR!

D’LSAP schléisst, wéi z.B. zu Beetebuerg, eng Koalitioun mat der ADR vu vireran aus… ze extremistesch, ze europakritesch. Mat de Kommunisten huet d’LSAP do sécherlech eng vernënfteg a gemässegt Alternativ fonnt! A wa bis zu Rëmeleng de leschte Privatbesëtz ofgeschaaft ass, wäert och den Etienne Schneider zur Besënnung fannen, datt Lëtzebuerg endlech senger Bestëmmung als Aarbechter- a Bauerestaat gerecht soll ginn.
Eng humoristesch Optik op déi rezent Faiten däerf allerdéngs grondleeënd Froen net verstoppen: Wou bleift déi moralesch Integritéit vun der LSAP? Wéi ginn d’Sozialiste mat hirem Verloscht u Glafwierdegkeet ëm? A virun allem: Hunn d’Sozialisten hiert Gesiicht verluer – oder hiert richtegt Gesiicht gewisen?

Pressematdeelung vum 23. Oktober 2017

Deel dëse Post: