Ofschaltung vun den 2G-Mobilfunknetzer

Zur schrëttweiser Ofschaltung vun den 2G-Mobilfunknetzer huet d’Alexandra Schoos eng ganz Rei Froen un d’Regierung.

Fro:

D’schrëttweis Ofschaltung vun den 2G-Mobilfunknetzer gëtt an enger ganzer Rei europäesche Staate virbereet oder ass schonn ëmgesat ginn. An der Ëffentlechkeet gëtt dëst Theema meeschtens am Zesummenhang mat der eCall-Funktioun vun eeleren Autoen diskutéiert: Vill vun dëse Gefierer hunn en eCall- respektiv Noutruffsystem, dat ausschliisslech iwwer d’2G-Netz kommunizéiert. Duerch d’Ewechfale vun dëser Mobilfunktechnologie besteet d’Gefor, datt dës sécherheetsrelevant Funktioun net méi zur Verfügung steet, wat eng direkt Gefor fir de Chauffer an d’Matfuerer duerstellt.

Et sinn awer net just Autoe betraff: Och Noutruffer an de Lifter, Alarmanlagen, medezinesch Noutruffsystemer (wéi z.B. Fallmelder oder Hausnoutruff) esou wéi industriell IoT-Systemer kënnen nach op d’2G-Netz ugewise sinn. Eng méiglech Ofschaltung betrëfft also potenziell eng ganz Rei vu sécherheetsrelevante Servicer, déi net eleng op de Verkéiersberäich beschränkt sinn.

Zu dësem Theema huet d’Regierung schonn am Oktober 2025, am Kader vun enger parlamentarescher Fro (N°2944) vun der honorabeler Deputéiert Djuna Bernard, geäntwert. D’Madamm Minister fir Medien a Connectivitéit, huet dobäi confirméiert, datt Orange säin 3G-Netz Enn 2025 an säin 2G-Netz bis 2030 ofschalt, wärend POST säin 2G-Netz op d’mannst bis 2027 wäert behalen. D’Madamm Minister huet och drop higewisen, datt d’eCall-Funktioun an neie Gefierer ab 2026 duerch de sougenannten Next Generation eCall (NG eCall), deen iwwer 4G- respektiv 5G-Netzer leeft, ersat gëtt.

Nom aktuellen europäesche Rechtskader (Règlement (EU) 2015/758) mussen Neigefierer zënter 2018 mam eCall-System ekipéiert ginn, an zukünfteg mam NG eCall. Bestandsgefierer, déi zum Zäitpunkt vun hirer Typgeneemegung de gëltege Virschrëften entsprach hunn, behalen hir Immatrikulatioun awer grondsätzlech, och wann d’Mobilfunkinfrastruktur, op déi hiren eCall-System ugewise ass, ofgeschalt gëtt.

Well Lëtzebuerg en héijen Undeel u Grenzgänger an doduerch am Ausland immatrikuléierte Gefierer huet, an d’Nopeschlänner d’Ofschalte vum 2G-Netz zu enger anerer Zäit plangen, stellt sech och d’Fro no enger grenziwwerschreidender Koordinatioun. Zousätzlech besteet e Konsumenteschutzaspekt: Vill Autobesëtzer wësse méiglecherweis net, datt hiert Gefier betraff ass, bis d’eCall-Funktioun tatsächlech ausfält.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Regierung:

  1. Ass der Regierung bekannt, wéini d’Mobilfunkoperateuren zu Lëtzebuerg (POST, Tango an Orange) d’komplett Ofschalte vum 2G-Netz plangen? Kann d’Regierung déi am Oktober 2025 gemaachten Ausso bezüglech Orange (2G-Ofschaltung bis 2030) a POST (op d’mannst bis 2027) mat engem präzisen Datum ergänzen, an ass och en Datum fir Tango bekannt?
  2. Läit der Regierung eng Schätzung vir, wéi vill zu Lëtzebuerg immatrikuléiert Gefierer iwwert en eCall- oder en änlechen Noutruffsystem verfügen, deen ausschliisslech op 2G baséiert?
  3. Deelt d’Regierung d’Meenung, datt Gefierer, déi zum Zäitpunkt vun hirer Typgeneemegung de gëltegen europäesche Virschrëften entsprach hunn, och no der Ofschaltung vum 2G-Netz weiderhin immatrikuléiert kënne ginn?
  4. Huet d’Regierung vir, sécherzestellen, datt en Ausfall vun der eCall-Funktioun, deen ausschliisslech op d’Ofschalte vum ëffentlechen 2G-Mobilfunknetz zréckzeféieren ass, weder d’Immatrikulatioun nach de Contrôle technique vun de betraffene Gefierer beaflosst, a wäert de Contrôle technique dëst explizit net als Mängel aklasséieren?
  5. Huet d’Regierung eng Iwwersiicht doriwwer, wéi eng aner kritesch Systemer – wéi zum Beispill Noutruffer a Lifter, Alarmanlagen, medezinesch Noutruffsystemer oder industriell IoT-Uwendungen – zu Lëtzebuerg nach op d’2G-Netz ugewise sinn, a gëtt et eng secteuriwwergräifend Koordinatioun tëschent de betraffene Ministèren an Autoritéiten, fir dës Risike gemeinsam unzegoen?
  6. Wéi geet d’Regierung mat der Situatioun vu grenziwwerschreidende Gefierer ëm, dorënner d’Gefierer vu Grenzgänger mat auslännescher Immatrikulatioun, well d’Nopeschlänner en aneren Zäitplang fir d’Ofschalte vum 2G-Netz hunn?
  7. Steet d’Regierung mat de Mobilfunkoperateuren, de Gefierhiersteller souwéi den zoustännegen europäeschen Institutiounen am Austausch, fir Léisunge fir déi betraffe Gefierbesëtzer auszeschaffen, zum Beispill duerch Norüstungsléisungen (Retrofit) oder Iwwergangsreegelungen?
  8. Wie soll d’Käschte vun enger méiglecher Norüstung vun engem Noutruffsystem droen: de Besëtzer, de Produzent oder de Staat?
  9. Gëtt et Gespréicher mat de Versécherer doriwwer, ob en eCall-Ausfall, deen op d’Ofschalte vum 2G-Netz zréckzeféieren ass, en Afloss op d’Haftung oder d’Deckung am Fall vun engem Accident huet?
  10. Plangt d’Regierung Informatiounsmoossnamen, zum Beispill iwwert de Contrôle technique bei der nächster Kontroll, fir datt d’Gefierbesëtzer mat Zäite gewuer ginn, ob hiert Gefier betraff ass a wéi eng Handlungsméiglechkeete bestinn?
  11. Sinn d’Rettungsdéngschter an d’112-Leitstellen zu Lëtzebuerg technesch prett, fir esouwuel klassesch eCall-Noutriff wéi och NG eCall wärend enger Iwwergangsphas zouverlässeg ze verschaffen?

 

Deel dëse Post: