Ofdreiwung: wou d’Limite musse gezunn ginn?

Hei ass déi parlamentaresch Fro zur Ofdreiwung vum honorabelen Députéierten Jeff Engelen.

Här President,

esou wéi d’Chamberreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro an d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

Zënter e puer Méint ginn nees Fuerderungen erhuewe fir d’Legislatioun iwwer d’Ofdreiwung ze veränneren. Déi gefrote Modifikatioune géingen et, de Gynekologen no, méi liicht maache fir geschlechtsspezifesch Ofdreiwunge virzehuelen a géingen d’Risike fir d’Onfruchtbarkeet vun de Fraen, déi spéit ofgedriwwen hunn, erhéijen.

An deem Zesummenhang wéilt  ech der Madamm Gesondheetsminister dës Froe stellen:

  • Wéi stellt sech d’Regierung sech zu där Fro vun der Verlängerung vum Delai vun 12 op 14 Wochen?
  • Ass d’Regierung der Meenung, datt d’Legislatioun geschlechtsspezifesch Ofdreiwungen, déi a ville Kulturen haaptsächlech Meedercher betreffen, net soll erliichteren?
  • Wéi stellt d’Regierung sech zu där Fuerderung, méi präzis Statistiken zu den Ofdreiwungen anzeféieren, z.B. iwwer e präzise Code an der Nomenclaturen?
  • Wéi stellt d’Regierung sech zu där Fuerderung de „délai de réflexion“ ofzeschafen?

Hei fannt Dir déi Äntwert.

Deel dëse Post: