Ofdreiwung: falscht Gesetz, falscht Signal, falsch Léisung (Video)

Den 2. Dezember stoung d’Aktualitéit an der Chamber ganz am Zeechen vun enger Ofdreiwungsdebatte. D’ADR huet als eenzeg Partei geschlossen géint e Gesetzprojet gestëmmt, dee mat enger 12-Woche-Fristeléisung e gesellschaftspolitesche Wonschdram vun der Lénkskoalitioun ass. De Roy Reding huet ënnerstrach, dass et net ëm d’Gesellschaft mais em e Liewen géing goen an dass d’Gesetz d’Ofdreiwung géing banaliséieren.

D’Chamber hätt amplaz vun deem Gesetz en anert Signal misse ginn, dat vum Respekt vum Liewen. D’Chamber wär do fir “Liewen ze schützen, amplaz ze maachen, wéi wann et net dat Wichtegst op der Welt wär”. Et géing ganz wéineg rational Grënn ginn, déi eng Ofdreiwung kinnte rechtfertegen, an zu Lëtzebuerg géif et keng sozial oder materiell Uursaachen heifir, sot de Roy Reding, deen an enger emotionaler Ried u méi Verantwortungsbewosstseen appeléiert huet. De Staat misst och méi maachen, fir Fraen ze hëllefen an hinnen deen dramateschen an traumateschen Agrëff ze erspueren. D’Gesetz wär falsch, d’Signal, wat et géing ginn, wär falsch grad ewéi d’Léisung, déi et proposéiert.

Deel dëse Post: