Zum Ofbau vun der Infrastruktur vum UKW-Radio huet d’Alexandra Schoos eng ganz Rei vu Froen un d’Regierung.
Fro:
Am Kader vun de Recommandatioune vun der Regierung, fir d’Resilienz an d’individuell Krisepräventioun ze stäerken, gëtt de Bierger ë.a. recommandéiert, e batterie- oder manivellbedriwwene Radio ze hunn, fir am Fall vun engem Stroumausfall oder enger Stéierung vun de Kommunikatiounsnetzer weiderhin offiziell Informatiounen iwwert de Radio empfänken ze kënnen. Den analogen UKW-Radio gëllt zanter Joerzéngte wéinst senger robuster, einfacher an energieeffizienter Sendetechnik als wichtegt Instrument vun der Krisekommunikatioun. Donieft deckt den UKW-Reseau d’ganzt Land of. Dobäi ass och wichteg ze ernimmen, datt d‘Krisekommunikatioun net eleng op modern oder digital Systemer dierf opgebaut ginn, mee op redundant, einfach zougänglech an och ouni Internet oder Handynetz funktionéierend Kanäl. Am Fall vun engem Blackout, bei enger Cyberattack, bei Iwwerlaaschtung vun de Mobilfunknetzer oder bei regionalen Naturkatastrophe muss séchergestallt sinn, datt och eeler Leit, vulnerabel Persounen, Grenzpendler an Awunner a méi schwaach ofgedeckte Regioune séier an zouverlässeg offiziell Informatioune kréien.
Virun dësem Hannergrond schéngt et widderspréchlech, engersäits de Kaf vun engem UKW/FM-Noutfallradio ze recommandéieren an anerersäits d’Infrastruktur vum UKW-Radio ofzebauen. Et besteet dofir e berechtegten ëffentlechen Interessi drun ze wëssen, wéi d’Regierung dësen Zilkonflikt bewäert a wéi eng Moossnamen si hëlt, fir och an Zukunft eng zouverlässeg Informatiounsversuergung vun der Bevëlkerung a Krisesituatiounen ze garantéieren.
Gläichzäiteg verfollegt d’Regierung eng Politik, fir den digitalen Hörfunk (DAB+) ze fërderen. Och wann DAB+ technologesch Virdeeler ka bidden, stellt sech am Kontext vum Zivilschutz d’Fro, ob d’DAB+-Infrastruktur, d’Empfangsapparater an d’Noutstroumversuergung an der Praxis déi selwecht Robustheet, Indoor-Ofdeckung, regional Informatiounsfäegkeet an einfach Benotzbarkeet garantéieren ewéi den etabléierten UKW-Reseau. Besonnesch misst gekläert ginn, ob d’Bevëlkerung kloer informéiert gouf, ob en Noutfallradio FM, DAB+ oder béid Technologië soll ënnerstëtzen. Et ass ze bemierken, datt eng Rei vun eisen Nopeschlänner – Belsch, Frankräich an Däitschland – aktuell weiderhin op eng Simulcast-Approche setzen, d.h. UKW a DAB+ parallel weider bedreiwen, grad wéinst der zentraler Roll vum UKW-Reseau an der Krisekommunikatioun. Och d’Receptioun vun DAB+ a Gebaier, an Tunnellen an a Grenzregioune misst kritesch gepréift ginn, well DAB+-Signaler ënner Ëmstänn méi schwiereg ze empfänke sinn ewéi analog UKW-Signaler.
An där Hisiicht misst och d’Erfarung vun anere Länner berécksiichtegt ginn: Norwegen huet säin UKW-Netz komplett ofgeschalt, mat deelweis kritesche Konsequenze fir d’Noutfallkommunikatioun an de ländleche Regiounen, wärend d’Schwäiz hir geplangten Ofschaltung verluecht huet, ë.a. wéinst Bedenken zur Sécherheet vum Autoradio-Empfang.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Regierung:
- Wéi bewäert d’Regierung den offensichtleche Widdersproch tëscht der Recommandatioun, fir a Krisesituatiounen en UKW/FM-Radio ze hunn, an dem gläichzäitegen Ersatz vum UKW-Reseau duerch DAB+? Op wéi enger nationaler Strategie oder wéi engem konkrete Plang baséiert dës Transitioun aus Siicht vum Zivilschutz?
- Wéi eng Garantië ginn et, datt DAB+ am Fall vu groussflächege Stroumausfäll oder anere Krisesituatiounen op d’mannst déi selwecht Zouverlässegkeet an eng landeswäit, flächendeckend Reechwäit garantéiert ewéi den aktuellen UKW-Reseau? Ginn et dozou ëffentlech disponibel Ofdeckungskaarten, och fir Indoor-Empfang an Empfang an Tunnellen?
- Huet d’Regierung eng Risikoanalys duerchgefouert, déi d’Auswierkunge vun enger UKW-Ofschaltung op d’Krisekommunikatioun ënnersicht? Falls jo, wéi eng Conclusioune goufen doraus gezunn? Goufen dobäi och Zenarien ewéi Blackout, Cyberattack, Ausfall vum Mobilfunknetz, regional Iwwerschwemmungen oder eng Stéierung vun de Senderinfrastrukture berécksiichtegt?
- Wéi gesäit den Zäitplang fir de kompletten Ersatz vum UKW/FM-Reseau duerch DAB+ zu Lëtzebuerg aus, am Verglach zu deem an eisen Nopeschlänner (BE, FR, DE), déi aktuell nach op eng Simulcast-Approche (UKW + DAB+) setzen? Wéi eng Erfarungen aus anere Länner fléisse mat an déi lëtzebuergesch Entscheedung?
- Plangt d’Regierung, den UKW-Radio op d’mannst fir de Katastrophen- an Zivilschutz weider oprecht ze erhalen? Falls net, firwat net? Wa jo, fir wéi laang a mat wéi engem minimale landeswäite Service-Level?
- Wéi eng Recommandatioune gëtt d’Regierung de Bierger, déi sech am Vertrauen op d’Resilienz-Recommandatiounen en UKW-Radio ugeschaaft hunn oder sech een uschafe wëllen? Recommandéiert d’Regierung kloer, just nach kombinéiert FM-/DAB+-Noutfallradioen ze kafen?
- Gouf gepréift, ob eng exklusiv Disponibilitéit vun DAB+ am Krisefall d’Versuergung vun der Bevëlkerung mat offiziellen Informatioune kéint beaflossen, besonnesch a Grenzregiounen oder bei ageschränkter Netzdisponibilitéit? Wéi gëtt an esou engem Fall mat Persounen ëmgaangen, déi keen DAB+-Empfänger hunn oder an hirem Auto nëmmen UKW empfänke kënnen?
- Ass eng formaliséiert Zesummenaarbecht tëscht Staat, CGDIS, Gemengen an de lokalen FM-Radiosendere virgesinn? Falls net, firwat net? Falls jo, wéi schätzt d‘Regierung d’Wichtegkeet an, lokal Radiosenderen am Kader vun der Resilienzstrategie mat anzebannen, virun allem fir déi verschidde Regioune vu Lëtzebuerg ofzedecken an an enger Krisesituatioun och geziilt Informatiounen un eenzel betraffe Regiounen ze vermëttelen?
- Wéi laang kënnen déi wichtegst UKW/FM- an DAB+-Senderen am Fall vun engem Stroumausfall autonom iwwer Noutstroum, Batterien oder Generatore weider funktionéieren? Ginn et verbindlech Mindestufuerderunge fir d’Autonomie vun dësen Infrastrukturen?
- Sinn ëffentlech Institutioune wéi Spideeler, Altersheemer, Schoulen an Zivilschutzzentre schonn zu 100% mat DAB+-Empfangsapparater ausgestatt?
- Ginn et technesch Tester oder Krisenübungen, bei deenen d’Informatioun vun der Bevëlkerung iwwer UKW, DAB+, Mobilfunk, Internet, Sireenen an aner Warnsystemer zesumme getest gëtt? Falls jo, wéini war déi lescht Übung a wat waren d’Resultater?
- Huet d’Regierung Donnéeën doriwwer, wéi vill Stéit an Autoen zu Lëtzebuerg aktuell iwwer en DAB+-Empfänger verfügen, a wéi vill nach ausschliisslech FM/UKW benotzen? Falls net, plangt d’Regierung esou Donnéeën ze erhiewen, éier weider UKW-Senderen ofgeschalt ginn?
- Ass garantéiert, datt offiziell Noutfallmessagen iwwer DAB+ och op eng Manéier ausgestraalt kënne ginn, déi op de meeschtverbreeten Apparater tatsächlech ugewisen oder héierbar sinn? Wéi eng technesch Standarden oder Funktioune fir Warnmeldunge sinn am nationalen DAB+-Reseau virgesinn?
- Wéi wëll d’Regierung sécherstellen, datt déi digital Transitioun am Radioberäich net zu enger sozialer oder regionaler Ausgrenzung féiert, besonnesch bei eelere Leit, Leit mat niddregem Akommes oder Persounen, déi op einfach an zouverlässeg Apparater ugewise sinn?
- Ass d’Regierung bereet, den Ersatz vun UKW/FM duerch DAB+ ze pauséieren, bis eng transparent, ëffentlech Risikoanalys virläit an eng gläichwäerteg oder besser Krisekommunikatioun iwwer DAB+ nohalteg nogewise gouf?