Corona-Bonds: Och a Krisenzäite keng Illegalitéiten!

Zesumme mat der CSV, de Piraten an déi Lénk notzt d’Regierung d’Gonscht vun der Stonn, fir op de Wee vun enger Vergemeinschaftung vun de Scholde vun de EU-Memberstaate goen – en Akt, dee kloer illegal ass!

An deem Kontext huet den Deputéierte Fernand Kartheiser den 31. Mäerz och eng Motioun deponéiert, fir dëst Virgoen ze verhënneren. D’Motioun, gouf wéi ze erwaarden, verworf!

Gemeinsam Scholdschäiner a Form vu Corona-Bonds sinn illegal, well si géint den Art. 123 an den Art. 125 vum Traité iwwert der Fonctionnement vun der EU – dee Moossnamen zu enger Vergemeinschaftung vu Scholden explizitt verbitt – verstoussen, si verursaachen Rëss a Spannungen tëscht de Memberstaaten, wat onweigerlech zu Sträit féiert an et verdeiert d´Zënslaascht fir Lëtzebuerg.

Fir de wirtschaftleche Schued an de Memberstaaten ze limitéieren, d´Finanzstabilitéit ze erhalen an d´wirtschaftlech Erhuelung ze erméiglechen, sollt een déi scho bestoend Institutiounen an Instrumenter notzen. Effizient wieren hei generéis bilateral Hëllefe fir besonnesch betraffe Länner an e séieren Zougrëff op aner Finanzinstrumenter, och am Kader vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM) Do sinn nach ongenotzte “Virsuergkreditter” (precautionary credit lines) virgesinn, woumat 410 Milliarden Euro direkt verfügbar sinn, an engem Staat erlaben, sech séier an zu nidderegen Zënsen ze finanzéieren.

Déi hei néideg Solidaritéit kann a soll legal, méi cibléiert a mat méi Visibilitéit geschéien!

 

Deel dëse Post: