Obligatoreschen Éischt-Hëllef-Cours fir de Führerschäin?

De Jeff Engelen intresséiert sech fir d’Fro, ob een hei am Land den Erwerb vum Führerschäin net misst un Éischt-Hëllef-Kenntnisser koppelen.

Fro:

Wéi een am Bichelchen „Le Luxembourg en chiffres 2022“ vum Statec noliese kann, goufen et am Joer 2021 insgesamt 1266 Affer am Stroosseverkéier: 1242 Blesséierter (dovun 267 schwéier Blesséierter) a 24 Doudesaffer. Obschonns d’Zuel vun den Doudesaffer am Stroosseverkéier an deene leschte 40 Joer konstant erofgaangen ass, ginn et all Joer Mënschen, déi no engem Akzident gestuerwe sinn, well keng Éischt Hëllef geleescht konnt ginn, oder well se net séier genuch geleescht konnt ginn.

An deem Zesummenhank hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Aus wéi enge Grënn ass et fir Leit, déi de Führerschäin maachen, bis haut net obligatoresch, en Éischt-Hëllef-Cours ze maachen?
  • Kann d’Regierung preziséieren, ob envisagéiert gëtt, esou een obligatoreschen Éischt-Hëllef-Cours anzeféieren? Wa jo, vu weem géifen déi Coursen organiséiert ginn? Wieren déi Coursen gratis?

Äntwert:

A senger parlamentaresch Fro stellt den honorabelen Deputéierte sech Froen iwwert d‘Aféiere vun Éischt Hëllef Coursen am Kader vun der Führerschäinsausbildung.
An dësem Zesummenhang erlaben ech mir fir op meng Äntwert op déi parlamentaresch Fro n° 1998 vum 11 Mäerz 2020 ze verweisen.
Et ass elo awer esou, datt déi Europäesch Kommissioun ugekënnegt huet fir déi europäesch Führerschäinsdirective (2006/126) wëllen ze iwwerschaffen. Am Kader vun dësen Aarbechte wäerten och eng ganz Rei Ännerunge wat d‘Führerschäinsausbildung kommen, z.B. fir den Entwécklungen am Automobilsberäich Rechnung ze droen. Dës Aarbechten sollten eigentlech schonn ofgeschloss sinn, mee och hei koum et duerch d’Pandemie zu Retarden. D‘Kommissioun huet den neien Text elo fir 2023 ugekënnegt.
Well am Kader vun der Transpositioun vun dëser Directive d’Führerschäinsausbildung hei zu Lëtzebuerg wäert mussen ugepasst ginn, wäerten och dann an deem Kontext d‘Gespréicher lafe fir eng eventuell Eischt Hëllef Ausbildung am Kader vum Führerschäin. Et ass deemno elo nach ze fréi fir kënnen ze soen ob dat méiglech wier a wéi déi genee kéint ausgesinn.

Deel dëse Post: