Nutriscore: Soll de Bierger vun der Politik erzu ginn?

Ab dësem Joer soll zu Lëtzebuerg op de Liewensmëttel e Nutriscore stoen – also eng Bewäertung vun de Liewensmëttel tëscht gutt a schlecht, jee nodeem wéi eng Inhaltsstoffer dës enthalen. Traditionell landwirtschaftlech Produkter hunn z.B. dacks méi en héijen Närstoff- a Fettgehalt, kënnen awer – a Moosse konsuméiert –  trotzdeem positiv gesondheetlech Aspekter opweisen. Vu datt z.B. Fett och en essentiellen Närstoff fir de Fonctionement vum Kierper ass, stellen sech hei och méi grondsätzlech Froen, wat de Sënn vu sou engem Nutriscore ugeet. An iwwerhaapt: Wëll eis Politik ëmmer weider fueren, de Bierger erzéien ze wëllen?

Deel dëse Post: