Noutstand: iwwerflësseg Verfassungsännerung

Här President, Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch bei Uerteeler vun der Lëtzebuerger Justiz un den Här Justizminister weiderzeleeeden. D’Sproochegesetz vun 1984 seet a sengem Artikel 3: « Langues administratives et judiciaires En matiére administrative, contentieuse ou non contentieuse, et en matière judiciaire, il peut être fait usage des langues française, allemande ou luxembourgeoise, sans préjudice des dispositions spéciales concernant certaines matières. ». An dem Zësummenhank wollt ech dem Här Justizminister dës Froe stellen: 1. Wéi a wou gëtt Lëtzebuergesch am Abléck am Beräich vun der Justiz gebraucht? 2. Wëll d’Regierung d’Lëtzebuerger Sprooch am Beräich vun der Justiz stäerken? 3. Wa jo, wéi eng Moossnamen hëllt d’Regierung konkret fir de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Justiz ze vergréisseren? 4. Kann e Bierger d’Iwwersetzung vun engem Uerteel op Lëtzebuergesch froen (oder och op Däitsch), ënnert der Konditioun, datt eleng déi franséisch Versioun gëllt? 5. Wa neen, firwat net? 6. Wa jo, iwwerhëlt dann de Staat d’Käschten vun der Iwwersetzung op Lëtzebuergesch (oder op Däitsch)? Mat déiwem Respekt,

D’Verfassung ass den 1. Juni an der Chamber punktuell geännert ginn, wat d’Noutstandsgesetzer ugeet. Dat war eng Prozedur mat där d’ADR net konnt d’accord sinn. Well Noutstandsreglementer si geféierlech, wa si an déi falsch Hänn kommen. Dem Roy Reding seng Argumentatioun dogéint ass kloer. Et gëtt Gesetzer fir Noutfäll, a näischt verhënnert, datt d’Chamber haut schonn, mat Rou an Aemooss weider Gesetzer stëmmt fir enger eventueller Krisesituatioun, engem Attentat zum Beispill, viirzegräifen. Zousätzlech kéint een der Chamber (a net der Regierung) erlaaben, bei engem Noutstand méi séier Gesetzer ze huelen. Eng Verfassungsännerung mat Sonderrechter fir d’Regierung ass duerfir net néideg.

De Roy Reding huet och drop higewisen, datt d’Regierung haut net wëllt verschidde Gesetzer verschäerfen a sech hannert deem Noutstand verstoppt. A schliesslech huet hie monéiert, datt den Auteur vun der Gesetzespropositioun selwer scho Reklamm gemaach huet fir de Mëssbrauch vun darer Verfassungsännerung: Den Alex Bodry hat op Chamber TV derfu geschwat iwwer den Artikel 32 Paragraph 4 vun der Verfassung méi séier Foyere fir Flüchtlinge bauen ze loosen, iwwer all Bautegesetzgebung ewech.

Speziell um Häerz leien der ADR hir zwou Propositiounen fir d’Verfassung ze änneren. Esou soll d’Lëtzebuergescht an der VErfassung verankert ginn (Propositioun Fernand Kartheiser) an de Riedner Roy Reding selwer huet eng punktuell Reformpropositioun gemaach fir d’Wierd an d’Wuelbefannen vum Déier an der Verfassung festzeschreiwen.

Deel dëse Post: