Den 23. Juli ass de Zerwiss vum Noutruff bei der POST komplett ausgefall. Leit, déi op e Zerwiss ugewise ware kruten nodréiglech eng Noriicht, datt si d’Netz misste wiesselen oder sech an déi “nächst Déngschtkasär” sollte beginn. Wéi ass dat méiglech. Den Tom Weidig huet eng Rei dréngend Froen:
Här President,
esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Banneminister an den Här Ekonomieminister weiderzeleeden.
E Mëttwoch, den 23. Juli koum et zu enger gréisser Pann bei der POST, déi och zum Ausfall vum 112 a vum 113 gefouert huet. D’Cliente vun anere Reseaue goufen zum Deel virun deene vun der POST informéiert. D’Leit kruten als Informatioun awer och just matgedeelt, datt si am Noutfall selwer an dat nächste Spidol oder déi nächst “besate Kasär” sollte fueren. Déi Formuléierung huet fir vill Duerchernee gesuergt, well “Kasär” ëmgangssproochlech virun allem mat eiser Arméi associéiert gëtt.
Des Weideren war zwar nodréiglech (!) bei RTL ze liesen, datt d’Kasären no an no alleguer besat goufen, mee déi Informatioun huet de Leit allerdéngs gefeelt. Des Weideren kann de Wee bis an déi nächst Kasär am Noutfall awer wäertvoll Zäit kaschten a setzt viraus, datt een no engem medezinesche Tëschefall iwwerhaapt nach mobil ass an iwwert en eegenen Auto verfüügt, ob deen ee kann zeréckgräifen.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës dréngend Froe stellen:
- Wéi ass et méiglech, datt den 112 an den 113 net méi erreechbar waren, wou de Leit dach allgemeng kommunizéiert gëtt, datt se ëmmer un déi Zerwisser kommen, och dann, wann den Handy fir de Rescht blockéiert ass, en Abonnement net bezuelt gouf asw.?
- Vill Leit hu sech d’Fro gestallt, ob et sech bei deem Message net éischter ëm Piratage handelt. Kann den Här Minister bestätegen, datt deem net esou ass an datt eleng den zoustännege Service sech ëm de Message gekëmmert huet?
- Ass den Här Minister der Meenung, datt dee Message fir d’Leit verständlech war, an datt d’Leit alleguer wëssen, wat et bedeit, et mat engem anere Provider ze versichen (“essayer un autre opérateur”)?
- Wat ass genau “Kasär”?
- Ass den Här Minister der Meenung, datt d’Leit wëssen, wou déi nächstgeleeë Kasär (“la caserne la plus proche”) ass?
- De Sënn vun de Warnungen duerch LU-Alerte ass deen, fir d’Leit präventiv op méiglech Schwieregkeeten oder Noutsituatioune virzebereeden an déi dofir néideg Informatiounen ze vermëttelen. Ass den Här Minister der Meenung, datt deen hei betraffe Message vun LU-Alerte déi Aufgab erfëllt huet? Wann nee, wat gëtt elo ënnerholl fir an Zukunft ze vermeiden, datt de Service LU-Alerte net méi fir onnëtz Duercherneen a Panik suergt?
- Kann den Här Minister erklären, firwat den SMS-Message vun LU-Alerte just op Franséisch formuléiert war an net op d’mannst och nach op Däitsch, wéi et bei deene lescht Messagen de Fall war?