Nouspelter Emaischen: Politiker fir unzepaken

Wie wënscht sech keng Politiker fir unzepaken … a fir ze diskutéieren? Ee vun deene beléifsten Ouschterméindeg-Ausflich geet op d’Nouspelter Emaischen. Do probéiert op d’mannst eis Partei dee Wonsch ze erfëllen an och nach Ouschtereeër ze verdeelen. Et ass fir eis gewielte Politiker aus dem Süden eng Freed an eng Éier, an de Gast Gibéryen an de Fernand Kartheiser waren dann och de ganzen Dag present. Well am Dialog kréie si och vu ville Leit d’Bestätegung, datt déi Oppositioun, déi d’ADR an dëser Legislatur gemaach huet, ganz gutt ukomm ass.

 

Deel dëse Post: