Noruff op d’Kinnigin Elisabeth II

Mat déiwer Trauer si mir den Dout vun der Kinnigin Elisabeth II gewuer ginn. Si stoung e Liewe laang am Déngscht vun hirem Land an huet hir Funktioune virbildlech erfëllt. Si war eng patriotesch, frëndlech a flichtbewosst Perséinlechkeet, där déi ganz Welt mat Respekt begéint ass. Hire Besuch zu Lëtzebuerg bleift onvergiess. D’ADR dréckt all eise brittesche Matbierger wéi och deenen aus dem Commonwealth hiert déift Matgefill aus.

 

Deel dëse Post: