[BEÄNTWERT] Nomination pour le directoire de la Banque centrale européenne

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Premierminister weiderzeleeden.

D’Europaparlament blockéiert d’Nominatioun vum Här Yves Mersch fir den Directoire vun der EZB, well hie keng Fra ass. D’Lëtzebuerger Regierung huet sech jo selwer ëmmer nees fir Fraequoten an de Verwaltungsréit an a Féierungspositiounen ausgeschwat.

Allerdéngs hat den Här Premierminister d’Verlängerung vu sengem Mandat als Chef vum Eurogrupp un d’Nominatioun vum Här Mersch als Member vum EZB-Direktorium gebonnen.

 Dowéinst wollt ech den Här Premierminister froen:

  1.  Wéi beuerteelt d’Lëtzebuerger Regierung d’Verhale vum Europaparlament an der Fro vun der Nominéierung vum Här Mersch?
  2. Ass d’Regierung nach ëmmer der Meenung, datt Fraequote sënnvoll sinn?
  3. Wéi geet elo d’Nominatiounsprozedur vum Här Mersch virun? Kéint den europäesche Ministerrot sech an dëser Fro iwwer d’Europaparlament ewechsetzen?
  4. Gëtt den Här Premierminister seng Demissioun als Chef vum Eurogrupp, wann den Här Mersch iere net sollt nominéiert ginn?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse du Premier Ministre, Ministre d’Etat à question N°2283 de Monsieur Fernand Kartheiser concernant Nomination pour le directoire de la Banque centrale européenne

 

Deel dëse Post: