Nom Brexit: D’ADR fuerdert en Europa vun den Natiounen.

Groussbritannien huet sech mat enger däitlecher Majoritéit fir den Austrëtt aus der Europäescher Union entscheet. D’ADR respektéiert des Decisioun, a begréisst et ausdrécklech, wa Bierger iwwert Referendum ëm hir Meenung gefrot ginn.

Net nëmmen d’Bierger aus Groussbritannien dréinen dem institutionellen Europa de Réck, an dëst mat gudde Grënn. D‘Bierger kommen ëmmer méi zur Iwwerzeegung, datt Europa vu gutt bezuelten Technokrate gefouert gëtt, ënner der Leedung vun de Lobbye vu multinationale Gesellschaften. Si gesinn, datt déi europäesch Institutiounen déi eenzel Länner erpressen, datt et vill Diktater gëtt an datt den „Direktoire“ Berlin – Paräis“ dacks eleng decidéiert. Europa verlaangt vun de Memberstaaten d‘Sanéierung vun de Staatsfinanzen, ëmmer exklusiv iwwert den Ofbau vum Sozialstaat ze maachen.

D’ADR ass sech bewosst, datt Lëtzebuerg nëmmen an Europa bestoe kann, an datt eis Plaz an der grousser Gemeinschaft eis insgesamt Virdeeler bréngt. D’ADR fuerdert awer en Europa, dat sech grousse Problemer unhëlt, dat no baussen zum Fridden an der Welt bäidréit, an dat no bannen all senge Bierger Aarbecht a sozial Mindeststandarde séchert. D’ADR fuerdert awer grad esou staark d’Applikatioun vum Subsidiaritéitsprinzip, dat heescht, datt d’Decisiounen do geholl ginn – z.B. um Niveau vun der Gemeng, vum Land – wou se méi no beim Bierger sinn!

Dowéinst mussen déi national Parlamenter méi Méiglechkeete kréien fir fréi an den europäeschen Decisiounsmechanismus agebonnen ze ginn, an och fir Reglementer, Direktiven oder Handelstraitée kënnen iwwert de Prinzip vun der Subsidiaritéit ze änneren oder esou guer ganz ze stoppen.

D’ADR wëllt en Europa, dat sech nees op d’Grondprinzipie vum Traité vu Roum berifft, en Europa an deem d’Natioune gemeinsam Decisiounen huelen, an net en zentralistescht Europa wat iwwert seng Memberstaaten decidéiert.

Resultater bei Walen a Referendume weisen, datt d’Wieler an Europa es midd sinn, vun enger Unioun an där déi eenzel Länner ëmmer méi zu engem Eenheetsbräi gi an dat zu Gonschte vun engem risege Federeralstaat an deem déi eenzel Stëmmen a Länner ënnerginn.

D’ADR hofft, datt dëse Message bei alle Politiker ukomm ass. Soll dat net de Fall sinn, a gëtt probéiert, mam Europa virun ze maache wéi bis elo, wou vun all Krise profitéiert gëtt, fir méi Pouvoiren op Bréissel ze zéien, dann huet d’Europäesch Unioun an de Grenze vun haut wéineg Zukunft.

Pressematdeelung vum 24. Juni 2016

Deel dëse Post: