Nogefrot bei der Entwécklungshëllef

Lëtzebuerg gëtt all Joer grouss Zommen un d’Entwécklungshëllef aus. De Fernand Kartheiser wëll de 26. Abrëll an enger erweiderter Fro un de Minister Romain Schneider wëssen, wéi et méiglech ass, datt d’Regierung d’Organisatioun vum “Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient”finanziell ënnerstëtzt, déi antiisraelesch Propaganda verbreet a net kompatibel ass mat de festgesaten Ziler vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef. Eng konkret Äntwert bleift de Minister dem ADR-Deputéierten awer schëlleg.

Deel dëse Post: