Vill Bierger kloen iwwert déi héich Zënsen, déi si op Steierscholde bezuele mussen. An Däitschland huet de Bundesfinanzhof rezent festgehalen, datt dës Zënse rechtswiddreg sinn. Den ADR-Deputéierte Roy Reding wëll a senger mëndlecher Fro un de Finanzminister vum 15. Mee gewuer ginn, wéi Lëtzebuerg op d’Uerteel vum Bundesfinanzhof gedenkt ze reagéieren.