No de Walen ass virun de Walen

Wann déi politesch Evenementer vun deene leschte Méint ëmmer nees als historesch bezeechent goufen, dann natierlech mat Recht, mä net onbedéngt aus deene Grënn, déi eigentlech relevant sinn.

Datt et kann zu virgezunne Wale komme gehéiert zu enger Demokratie, och wa sech Lëtzebuerg  éischter duerch seng politesch Stabilitéit kennzeechent. Datt keng Partei automatesch Regierungsusproch huet, och net déi, déi zënter dem Zweete Weltkrich mat enger eenzeger Ausnam de Premier gestallt huet, misst eigentlech eng Selbstverständlechkeet sinn. Datt een ënnert Ëmstänn och zu dräi ka regéieren ass um nationale Plang en Experiment, deem seng Viabilität nach

muss bewise ginn, mä um lokalen Niveau näischt, wat et net scho gëtt – an dat grad a Gemengen, wou déi respektiv Buergermeeschteren op eemol zu virulente Dräierkoalitiounsgéigner mutéiert sinn.

All déi Aspekter wäerten hir Plaz an de Geschichtsbicher fannen an dat ass och richteg esou. Falsch wier awer, dem positiven Nieweneffekt vun de virgezunne Walen net déi Relevanz zouzegestoen, déi e verdéngt, oder souguer ze ignoréieren : d’Chamber- an d’Europawale sinn endlech zäitlech getrennt, esou datt et an deenen nächste Méint endlech zu enger Debatt iwwert d’EU an iwwert d’Roll vu Lëtzbuerg an der EU kënnt, wéi et d’ADR jorelaang verlaangt huet.

No de Walen ass virun de Walen. Oder : No den Neiwalen ass virun de Walen, déi eng ganz nei Dimensioun kréien.

Et ass virauszegesinn, datt d’Nationalpolitik net komplett aus dem Walkampf, deen d’nächst Joer stattfënnt, verschwënnt. Dëst war an den aneren EU-Länner ëmmer de Fall. An awer ginn d’Parteie forcéiert endlech Faarf ze bekennen zu Sujeten, déi fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg eminent wichteg sinn, an awer net genuch diskutéiert an debattéiert ginn.

Ass et gerecht, datt de Bäitrag vun engem Lëtzebuerger an den Europäesche Stabilitéitsmechanismus ronn 40% méi héich ass , wéi dee vun den Däitschen ?

Ass et demokratesch, datt am Fall vun engem EU-Bäitrëtt kee Referendum virgesinn ass ?

Ass et nach vertrietbar, datt d’EU sech ganz vill Méi gëtt fir d’Souveränitéit vun den eenzelne Memberstaate mat Féiss ze trëppelen, mä et nach ëmmer net fäerdegbruecht huet sozial Mindestnormen anzeféieren ?

D’Debatt ronderëm dës an nach vill aner Froe gëtt ouni Zweiwel eenzegaarteg, an dat net nëmme wéinst de getrennte Termäiner. Wann et virun de Chamberwalen net ëmmer einfach war erauszefannen, wou sech d’Propositioune vun de méi grousse Parteien dann elo grondsätzlech ënnerscheeden, wäert sech deen Exercice am Kader vun den Europaparlamentswalen nach méi schwiereg erausstellen.

D’Positioun vun der ADR stécht an deem Kontext kloer eraus : si bekennt sech zur europäescher Integratioun an zur europäescher Sécherheets- a Verdeedegungspolitik, mä ass déi eenzeg Partei, déi sech net fir e federaalt Europa, mä fir en Europa vun den Natiounen asetzt. Dëst bedeit ënnert anerem, datt d’Deele vu souveräne Rechter mat anere Staate muss zäitlech limitéiert sinn an datt eng Rei Kompetenze mussen zeréck un d’Nationalstaate goen.

D’EU-Bierger verdéngen en demokratescht a soziaalt Europa, wat aus souveräne Staate besteet. Et wier also wënschenswäert, datt d’Wale vum 20. Oktober net nëmme wéinst hirem Kontext an hirem Resultat an d’Geschicht aginn, mä och well se kënnen dozou bäidroen, datt méi eurorealistesch Stëmmen am Europaparlament vertruede sinn.

Liliana Miranda, Generalsekretärin

Dësen Artikel ass den 8. November an der Rubrik “Zu Gast” vum Lëtzebuerger Land publizéiert ginn.

Deel dëse Post: