“Net wäiss” Auteuren an der Schoul: Froen iwwer Rassismus

Eng Schoulgewerkschaft verlaangt, datt méi “net wäiss” Auteuren an der Schoul op de Programm kommen. Ass dat scho Rassismus? Dës a weider Froen zum Thema stellt de Fred Keup der Regierung … a kritt e béise Fanger um Schluss vun der Äntwert gemaach. Dee misst een éischter de Leit maachen, déi d’Schoullecture no Hautfaarw wëllen auswielen.

Fro

Verschidden Organisatioune fuerderen, datt de Rassismus soll an de Schoulprogrammer berécksiichtegt ginn. Als Prioritéit gëtt verlaangt, „net wäiss“ Auteuren a Kënschtler an de Programmer ze studéieren an hir Wierker an de Schoulbibliothéiken unzebidden. Esou eng Approche werft eng ganz Rëtsch Froen op:

  1. Ass d’Regierung der Meenung, datt Wierker no der Hautfaarf vum Auteur zréck ze behalen oder net, net och eng rassistesch Demarche ass?
  2. Ass et net eng zentral a prioritär Aufgab vun der Lëtzebuerger Schoul fir déi Lëtzebuerger an déi europäesch Kultur un déi nächst Generatioune virun ze ginn?
  3. Wann ausgerechent an esou fräie Beräicher wéi Konscht a Literatur eng diskriminatoresch Selektioun zum Nodeel vun ouni Zweiwel majoritäre wäissen (a männlechen) Auteure sollt fir néideg fonnt ginn, wär dann och an den Naturwëssenschaften d’prioritärt Behandele vun net wäissen (an net männleche) Fuerscher a Wëssenschaftler e logesche Schrack?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, a vun der Kulturministesch, Sam Tanson, op d’parlamentaresch Fro Nr. 6284 vum honorabelen Deputéierte Fred Keup

 Fir unzefänken wëlle mir betounen, datt d’Wierker, déi an der Schoul behandelt ginn, net no der Hautfaarf vum Auteur ausgewielt ginn. Allerdéngs erweist sech grad an de Geeschteswëssenschaften eng multiperspektivesch Approche als sënnvoll. Dobäi handelt et sech ëm de geneeë Contraire vun enger rassistescher Demarche.

Eng multiperpektivesch Approche setzt de Stellewäert vun der Lëtzebuerger an europäescher Kultur dach net erof : mir erënneren an dësem Kontext un déi sëllech Efforten, déi den Éducatiounsministère an de leschte Joren ënnerholl huet, fir d’Lëtzebuerger Sprooch a Kultur an der Schoul ze fërderen. Och déi staatlech Kulturinstituter sinn un dësem Prozess bedeelegt, sief et duerch d’Formations continues, déi se ubidden, oder duerch d’Editioun vu pedagogeschen Dossieren an didaktesche Carneten iwwer d’Lëtzebuerger Literatur, respektiv d’Lëtzebuerger Musek.

Wat déi wëssenschaftlech Fächer betrëfft, sou geet et drëms, geséchert Erkenntnisser, déi op enger zolitter wëssenschaftlecher Basis berouen, ze vermëttelen, an net ëm d’Hautfaarf oder d’Geschlecht vun de Fuerscher oder Wëssenschaftler.

Ofschléissend géife mir all Concernéiert drëms bieden, onpolemesch a mat där néideger Sachlechkeet un dës Froen erunzegoen.

Deel dëse Post: