Net Proliferatioun vu Waffen: wat mécht Lëtzebuerg?

Eng vun deene grousse Suergen an der internationaler Politik ass d’Proliferatioun vu Massevernichtungswaffen (nuklear, biologesch oder chemesch Waffen) an hire Virleeferproduiten. Et soll och verhënnert ginn, datt net vertrauenswierdeg Staaten oder net-staatlech Acteure kënnen an de Besëtz vun deenen néidege Vecteuren (Deeler vu Rakéiten, Equipementer vu Laboratoiren, a.s.w.) kommen, fir esou Waffe kënnen ze produzéieren oder anzesetzen, och wann et Equipementer sinn déi gläichzäiteg fir zivil Zwecker kënne benotzt ginn.

Och Lëtzebuerg huet do eng Roll ze spillen, a Verflichtungen anzehalen. Et stellen sech eng Réi Froen, déi den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser an enger QP festgehalen huet.

Deel dëse Post: