Net geimpft Zaldoten a Polizisten an der Ausbildung

D’Force publique lieft säit puer Méint ënner dem Regime vum Covid-Check. Déi zukünfteg Polizisten an Zaldote kënnen doduerch u fir si obligatoresche Coursen an Aktivitéite just deelhuelen, wa si geimpft, geheelt oder negativ geadr sinn. Dat huet bis elo souwuel fir déi theoretesch wéi och fir déi praktesch Course gegollt. Dat neit Covid-Gesetz huet d’Covid-Reegelen awer weider verschäerft. Ënner anerem leet et fest, datt ee geimpft oder geheelt muss sinn, fir u sportlechen Aktivitéite kënnen deelzehuelen. Doduerch huet dëst Gesetz och eventuell Implicatiounen op d’Ausbildung vun net geimpften zukünftege Polizisten an Zaldoten, besonnesch am Hibléck op hir Participatioun u Coursen an Aktivitéiten, déi kierperlechen Asaz verlaangen (z.B. Self-Defense, Close Combat, Menottage, Policetactique, asw.). Wäert et an deem Beräich zu engem Shifting vum 3G zum 2G kommen?

Deel dëse Post: