Net all duercherneen, w.e.g.!

D’Kommunikatioun vun der Regierung an der Corona-Kris war en zimmleche Sprooche-Kuddelmuddel. Elo huet sech Gambia jo nach ni als besonnesche Frënd vum Lëtzebuergesche gewisen, mee datt de Premier dem Fernand Kartheiser op eng parlamentaresch Fro äntwert, d’Regierung géing grad an där Sprooch kommunizéieren, déi  hir am beschten ze passen schéngt, deit net grad op eng wuel iwwerluechte Kommunikatiounsstrategie. Besonnesch net wann dat nächst Regierungsdokument schonn nees dëser Äntwert widdersprécht an de Fernand Kartheiser forcéiert ass eng weider Fro an déi Richtung ze stellen … E neit Element: Och mat reliéise Symboler geet d’Regierung net méi iwwerluecht ëm, wéi mat de verschiddene Sproochen.

Deel dëse Post: