Neodymium a Wandturbinnen! Wéi reagéiert d’Regierung?

An den Turbinne vun de Wandrieder, och hei zu Lëtzebuerg, kënnt dacks d’Metall Neodymium an den Asaz. Et muss ee wëssen datt beim Ofbau vu Neodymium gëfteg Offallprodukter fräigesat ginn, dorënner souguer de radioaktive Stoff Torium. Déi gëfteg Substanze geroden an d’Grondwaasser a kontaminéieren sou Fauna a Flora. China dominéiert mat ronn 97 Prozent déi weltwäit Neodymium-Produktioun. Neodymium gëtt net nëmme bei der Wandkraaft ma och bei der Elektromobilitéit genotzt. 

 

Deel dëse Post: