Nëmme mat Fachkenntnisser kann een där och vermëttelen [Video]

Guer net d’accord war de Fernand Kartheiser den 12. Juli an der Chamber mat engem Gesetz iwwer d’Konditiounen fir kënnen am Secondaire ze enseignéieren. Hien huet bedauert, datt een z.B. an der Mathematik, mat Kenntnisser, déi knapps iwwer déi vum Lycée erausginn, kann mathesprof ginn. An der Schoul wären net nëmmen pädagogescht Talent gefrot mä och en zolitt Wëssen op dat d’Schüler sech kënne stäipen. Weider Grënn fir net mam Gesetz d’accord ze sinn huet den ADR-Deputéierte an de Sproochufuerderunge gesinn. Déi wäre vill ze vag gehalen, huet hie gemengt. Mir hätten och keng dräi Landessproochen mä eng Sprooch, déi am ganze Land géing geschwat ginn, huet de Fernand Kartheiser präziséiert.

Deel dëse Post: