Neit Waassergesetz: Vill oppe Froen

Den  28. Juni gouf an der Chamber een neie Gesetzesprojet iwwert d’Waasser gestëmmt. Et geet schwéierpunktméisseg em d’Drénkwaasserversuergung zu Lëtzebuerg, d’Ofwaassertaxen an de Gemengen an em d’Festleeë vun de staatleche Subventioune fir Renaturatiounsprojeten a méiglech Iwwerschwemmungsszenarien.
De Gast Gibéryen huet a senger Interventioun déi kontrovers gefouert Diskussioun iwwert d’Waassergesetz mat engem kritesche Bléck op Zukunft ofgeronnt. Den ADR-Deputéierte mécht sech virun allem Suergen em d’Zukunft vun der Drénkwaasserversuergung zu Lëtzebuerg, wa mer den 1-Milliounen-Awunnerstaat usteieren, esou wéi dat vun der Regierung gewënscht ass.  Ee Bléck op déi rezent Period vun der grousser Hëtzt huet gewisen, wéi schnell et hei am Land zu enger Waasserknappheet komme kann. Deswéideren ass net kloer, wéi mer an Zukunft duerch deen onkontrolléierte Wuesstem d’Offéiere vum verschmotze Waasser geréiere sollen. Froen iwwert Froen. “Déi Gréng” héiere Kritik net gär, a scho guer net un hirer Politik … duerfir probéieren se de Leit de Mond ze verbidden, wéi d’Josée Lorsché dat während dem Gast Gibéryen senger Ried demonstréiert.
De Gast Gibéryen stellt des weidere fest, datt dat neit Waassergesetz  onsozial an ongerecht ass. Gemengen, déi déi néideg Sanéierunge vun der Kläranlagen net zäitgerecht bewältegt kréien, musse mat enger massiver Héigung vum Waasserpräis rechnen. Letztlech gëtt de Bierger gestrooft. Sozial méi schwaach Persoune finanzéieren de verschwendereschen Ëmgang mam Drénkwaasser mat. Grond genuch, datt d’ADR dëse Gesetzesprojet kloer mat Nee gestëmmt huet.D’ADR proposéiert en anere Modell: 30 Fudder Waasser op de Kapp gratis an duerno e progressive gestaffelte Waasserpräis.

 

 

Deel dëse Post: