Neit Schoulgesetz: Och en neie System fir d’Schoulbicher?

Mat deem neie Schoulgesetz sollen déi eenzel Lycéeën, ënnert anerem, méi Autonomie kréien. Et versteet sech vum selwen, datt dëst och gewëssen Entscheedungsfräiheete mat sech bréngt. Hei stellt sech awer d’Fro, ob dat eventuell och Konsequenze fir d’Auswiel an d’Beschafe vu Schoulbicher an anerem Léiermaterial wäert hunn. De Fernand Kartheiser wollt dëst genau wëssen a huet dem Educatiounsminister eng parlamentaresch Fro gestallt.

 

Deel dëse Post: