Neit Covid-Gesetz: Iwwerfuerdert a konzeptlos Regierung

D’ADR huet den 8. Januar dat neit Covid-Gesetz, ewéi schonn déi Covid-Gesetzer virdrun, net matgedroen. Ewéi de Jeff Engelen a senger Interventioun betount, ass d’Regierung vëlleg iwwerfuerdert a konzeptlos. D’ADR stellt elo schonn zanter Wochen a Méint fest, datt e Gesamtkonzept vëlleg feelt. Periodesch gi legislativ Ännerunge virgeholl, et gëtt gebastelt, ouni dat sech doraus eng fir de Bierger novollzéibar sanitär Strategie erkenne léisst. D’Moossname vun der Regierung sinn a flagrantem Mooss inkoherent. Et gëtt einfach mol sou eng Spärstonn, wéi mir se zanter dem Krich net méi haten, agefouert. Vun 23:00 Auer gëtt si op 21:00 Auer erofgesat, well et der Regierung dee Moment grad gefall huet, sech d’Moyenne tëscht der Belscht a Frankräich erauszepicken. D’Ausgangsspär ass dann och e Symbol vum Mësstraue vun der Regierung am Hibléck op déi eege Bevëlkerung.

Ouni all sanitär Logik an Erklärung fiert d’Regierung weider, ganz Existenze stuer widder d’Mauer ze fueren. Betraff si besonnesch den Horesca-Secteur, awer och déi kleng Geschäfter. Dialogbereetschaft vu Säite vun der Regierung sicht een hei ëmsoss. Do, wou d’Regierung wierklech sënnvoll Mesuren am Kampf géint de Covid huele kéint, z.B. an den Altersheemer, wou déi meescht vulnerabel Persoune sinn oder awer am ëffentlechen Transport, do feelt all Konzept a Léisungsvirschlag. Et kann een de Leit an deem Kontext sécherlech kee Virworf maachen, wann si ëmmer méi d’Vertrauen an d’Politik verléieren.

Deel dëse Post: