Neit Covid-Gesetz: Grondrechter si weiderhi limitéiert…

A senger Interventioun vum 12. Juni betount de Jeff Engelen, datt d’ADR déi nei Lackerungen zwar begréisst, ewéi z.B. op d’Ophiewe vun der Ausgangsspär an och déi zeréckgewonne Rechter am Beräich vun der Horeca, trotzdeem ass dëst Gesetz awer net de grousse Worf. D’Grondfräiheete bleiwe weiderhin ageschränkt. Den ADR-Nord-Deputéierte kritiséiert virun allem dräi Punkten:

  1. De Staat mëscht sech weiderhin an d’Grondrechter vun de Bierger an an diktéiert monter weider, wéi vill Persounen e Stot doheem empfänken däerf.
  2. Den Dateschutz an de Schutz vu sensibelen Donnéeë gëtt weiderhi verletzt, nodeems och elo nach Privatpersounen Asiicht a medezinesch Date vun anere Privatpersoune kréien, notamment am gesellschaftleche Beräich vum Sport, der Kultur, dem Horeca etc.
  3. D’Maskeflicht an de Schoul bleift weiderhi bestoen an hënnert den normale Fonctionnement vum Unterrecht.

D’ADR bleift bei hirer Positioun, datt keng Instanz, och net de Staat, d’Recht huet, d’Grondfräiheete vun de Bierger anzeschränken. Dëst si ganz geféierlech Entwécklungen an et däerf ee sech net dru gewinnen, well déi nächst Pandemie kënnt villäicht iergendwann. Och an der Ideologie vun de Gréngen kann et zu geféierlechen Entwécklunge kommen, wou opgrond vun der Argumentatioun iwwert méiglech Gefore vum Klimawandel d’Rechter vun de Bierger sollen ageschränkt ginn. D’ADR wäert op alle Fall nimools op dëse Wee matgoen.

Deel dëse Post: