Neijoersreceptioun vun der ADR Sektioun Péiteng

D’ADR Sektioun Péiteng mat hierem Gemengeconseilljee Joe Thein hunn de 4. Januar 2016 op den Neijoerspatt op d’Rollénger Weiher invitéiert.

Hei dem Joe Thein seng Ried gefollegt vun e puer Fotoimpressiounen:

 

Léif Bierger aus der Gemeng,

léif Parteikameroden,

léif Députéiert,

léiwe Schäffen- a Gemengerot,

léif Frënn Alleguer,

Ech wëll Iech all am Numm vun eiser Partei, häerzlechst Merci soen fir Är Präsenz op eisem traditionellem, a jäerlechem Neijooschpatt. Et ass dëst de 4te Neijooschpatt säit der Mandatsperiod vum 9. Oktober 2011, zënter datt d’ADR fir Iech hei an der Gemeng Péiteng, am Gemengerot vertrueden ass. Ugefangen hu mir 2012 ganz bescheiden mat enger Klengzuel vun 30 Leit am Agangsberäich vum Rodanger Kulturzenter, an dir gesitt selwer, haut sti mir virun enger fantastescher Zuel vu Gäscht, Frënn a Sympathisanten (Umierkung: +/- 110 Leit) déi ons mat hirer Präsenz vill Éier erweisen, an ons op eisem politeschem Wee ënnerstëtzen. Äre Besuch haut den Nowend um Neijooschpatt, hei a mengem schéinen Heemechtsduerf Rolleng, ass fir mech als Politiker a Gemengeconseilljee, dee schéinsten a glécklechste Cadeau deen dir engem maacht. Et deet gutt am Häerzen ze wëssen, datt d’ADR eng staark Partei zu Péiteng ass, an dir weist haut och ganz däitlechen eise politeschen Opponenten, datt d’ADR zu Péiteng gehéiert, wéi Péiteng zur ADR.

Als Sektioun – an ech wëll och all menge Kollegen aus der Sektioun, Merci soen, dem Sektiounspresident Pino, dem Sektiounskeesjee dem Metty, menge léiwen Elteren, dem Monique an dem Patrick, an alle Membren, dem Laura, dem Christian, dem Roland, dem Steve – fir déi exemplaresch an aktiv politesch Aarbecht, an hir mega Ënnerstëtzung géintiwwer menger Persoun. Merci Iech, et mécht Spaass a Freed mat Iech ze schaffen. Als Sektioun hu mir ons der Aufgab verschriwwen, am Geescht vun eisem Programm, an eiser aller Interessen deen Oppositiounskampf ze maachen, fir deen dir als ons Wieler – deemools, wéi haut – Äert Vertraue gitt. Eng staark konservativ, sozial, patriotesch an idealistesch Politik fir ons Gemeng a fir d‘Land, a géint d’Aalparteien denkt um vun deenen anere Parteien.

Léif Frënn, éier d’Leidenschaft a mäin Temperament nees ze grouss ginn, wëll ech hei Schluss maachen, well haut ass net den Dag fir Politik. Dësen Owend steet ganz am Zeeche vum grousse Merci. Ech wënschen Iech Alleguerten e schéint, glécklecht a gesond neit Joer, e gudde Maufel a Prost op d’Zukunft.

 

sall impressioun sall impressioun2 sall impressioun vir sall impressioun vir2 usprooch all usprooch frontal

Deel dëse Post: