Neijoersreceptioun vun der ADR-Sektioun Péiteng: d’Ried vum Gemengeconseiller Joe Thein

De 14. Januar huet d’ADR-Sektioun Péiteng op en Neijoerspatt agelueden. De Gemengeconseiller Joe Thein huet dës Ried gehalen.

Dir Dammen, Dir Hären,

Léif Parteimembere vun der ADR, a wëllkomm och eisem Bezierkspresident Paul Nickels an dem Deputéierte Fernand Kartheiser,

Léif Kollegen aus dem Gemengen – a Schäfferot, déi ech hei zwar nennen, mä déi awer net hei sinn, an dat, obwuel d’ADR aus Respektsgrënn op alle Neijooschpätt present wor,

Léif Bierger aus der Gemeng Péiteng,

Et ass mir eng Éier, fir Iech alleguerte mat ganz vill Houfer, op eisem éischten Neijooschpatt an der Gemeng Péiteng begréissen ze dierfen.

D’Gefill an d‘Honorabilitéit, déi dës Partei déif an sech dréit, wann se haut eng éischte Kéier an hirer laangjäreger Parteigeschicht virun Iech trieden dierf, geet mat engem décke Merci bei wäitem net duer, an dofir hoffe mir, datt mir Iech iwwert ons dagdeeglech politesch Aarbecht, ëmmer nees op en Neits beweise kënnen, datt eis Äre Wieleroptrag ganz seriéis intresséiert, an datt d’ADR trotz munche Feindséilegkeeten eng reell Daseinsberechtegung an dësem Land huet.

Munch Kritiker a besonnesch Presseorganer, schwätzen déi lescht Zäit gäre vun hire surreale Wënsch, d’ADR liquidéiert ze gesinn. Si verstrécke sech a ganz ellene Verschwörungstheorien, a wëllen ons besser kennen, wéi mir ons selwer. Léif Frënn, ech froën Iech, gesäit dat hei aus wéi d’Enn vun der ADR? D‘Medien an d‘Press hunn eigentlech just dat nees fäerdegbruecht, wat se schon éiweg maachen: Se haten nees e gudde Goût, fir d’Réalitéit als Drama duerzestellen. Ech kann Iech eent soen: Eis gëtt et elo 25 Joer laang, an do kommen nach eng Kéier 25 Joer dobäi.

Zréck awer zum Merci, e gëllt Ärem Courage d’ADR gewielt ze hunn, an e gëllt och besonnesch mengem Komitee a Sektiounspresident, fir hir exzellent Arbecht.

Et ass déi éischte Kéier zanter der Grënnung vun der ADR am Joer 1989, datt Äre Wieleroptrag decidéiert huet, d’ADR an der Gemeng Péiteng ze etabléieren; dëst mat engem gudden, a virun allem gestäerkte Resultat. Schons 2005 hat d’ADR et mat 5,28% bal gepackt, ma de Sprong ass awer eréischt 2011 gelongen, ewéi mir eis mat 0,69% op 5,97% verbessere konnten. Munchmol ass de wäite Wee, villäicht besser, wéi de séchere Wee.

Ewéi keng aner Partei, huet d’ADR et am Schwéiersten; si ass onkonventionell, si hëlt kee Blat virun de Mond, si stéiert a kritiséiert; mä letztendlech mécht se dat, fir dat si existéiert – nämlech fir sozial Gerechtegkeet, fir Fräiheet a fir de Respekt virun deem, wat mir sinn.

D’Reformpartei huet kloer Ziler;

  • D’Stäerkung vun eisem Rechtsstaat, senger Demokratie an Transparenz, an domat och de Kampf géint Korruptioun an Ongerechtegkeeten;
  • De konsequenten Asaz fir d’Souveränitéit, d‘Identitéit an d’Subsidiaritéit vun eisem Land; mir trieden an fir een Europa vun de Natiounen.
  • Fir d’Erhalung an d’Förderung vun eisem historeschen a kulturellen Ierwen zu Lëtzebuerg; mir setzen ons an fir d’Lëtzebuerger Sprooch, fir eng richteg aktiv Integratioun vun den Auslänner an d’Verdeedege vun de Mënscherechter;
  • Fir eng qualitativ héichwäerteg Ausbildung mat gudde Schoulofschlëss, enger Schoulpolitik, déi de krasse Contraire vum Usus vun haut ass;
  • Fir d’Opwäertung vun de Familljen, déi d’Kärzell, an domat d’Schlësselroll an der Entwécklung vun der Gesellschaft a speziell dem Individuum als Solchen, ass;
  • Fir eng professionell Finanzpolitik, déi nom Nohaltegkeetsprinzip fonctionnéiert an de Respekt am Ëmgang mam Geld léiert;
  • Fir d‘Rentegerechtegkeet, déi quasi en Erfollegsrezept vun eisem eemolegen Aktiounskomitee 5/6 am Joer 1999 ass;
  • Sollten d’Finanzen et zouloossen, e komplett neit a modernt Verkéierskonzept mam Numm „City-Tunnel“, dat de Verkéiersproblem léist an d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg opwäert;

A fir d’Gemeng gëllen nieft dësen Haaptpiliere vun eisem National- a Gemengewalprogramm, selbstverständlech all aner Problemer am Kampf fir eng liewensqualitativ Gemeng; Dir wësst wou de Schung dréckt, a mir sinn Är Lobby. Eise kommunale Wahlprogramm fuerdert do dernieft e besonnechen Asaz fir déi behënnert a sozial schwaach Leit, eng besser ëffentlech Sécherheet an eng Ëmweltpolitik, déi hire Numm verdéngt.

Dir Dammen, dir Hären,

D’Zäit vun de Machenschaften a vum Kappwénken ass eriwwer; haut an elo – wann nach net virdrun; an a Selbstverständlechkeet vu menger Aufgab, wëll ech d’Reformpartei zu enger staarker Oppositiounskraaft zu Péiteng maachen, déi hirer Credibilitéit a vollem Ëmfank gerecht gëtt. Nach ni virdru war esou vill Action am Péitenger Gemengerot wéi haut; ni e Gemengebericht méi spannend wéi dës. Et ass eben haargenee dat, wat mir 2011 versprach hunn: Eng kloer Sprooch an der Gemeng Péiteng!

Léif Frënn, ech soen Iech Villmools Merci fir Är Opmierksamkeet a profitéiert och vun eisem Fräibéier! Iech nodréiglech nach Alles Guddes fir dat neit Joer gewënscht, an domat wëll ech d’Wuert un eise Bezierkspresident Paul Nickels weiderginn…

Neijoersreceptioun vun der ADR-Sektioun Péiteng: d’Fotoe sinn online!

Deel dëse Post: