De 17. Januar huet d’ADR op en Neijoerspatt agelueden. Ëm déi 90 Membere sinn am Schwaarzen Haus, um Cents, zesummekomm.
De Roby Mehlen huet als Interimspresident de ville Gäscht e glécklecht neit Joer gewënscht. Hien ass op d’Evenementer vun deene leschte Wochen a Méint zréckkomm, mä huet vrun allem bekannt ginn, wéi et mat der ADR weidergeet. Fir de 17. Mäerz ass en Nationalkongress virgesinn an den Nationalkomitee schléit dës Equipe vir: den aktuelle Generalsekretär, den Dr. Jean Schoos, soll Nationalpresident ginn, d’Liliana Miranda ass Kandidatin fir de Poste vu Generalsekretärin, d’Michèle Retter an de Carlo Kirsch ginn als nei Vize-Presidente virgeschloen.
„Mir wäerte bis zu de Walen eng haart Oppositiounslinn fueren, haart awer konstruktiv, mat eegene Propositiounen. A mir wäerten dat maachen am Interessi vum Land a vrun allem vun eise Kanner a vun eiser Jugend“, esou de Roby Mehlen.
Fir de Generalsekretär Jean Schoos bleift d’ADR eng Problemléisungspartei. Als Déngschtleeschtungsland ass Lëtzebuerg ganz besonnesch vun der Finanz- a Wirtschaftskris betraff an et musse kloer Prioritéite gesat ginn:
– de Chômage, a ganz besonnesch de Jugendchômage, war nach ni esou héich
– et gëtt ëmmer méi schwiereg sech eng Wunneng ze leeschten
– déi sougenannte kuerz Weeër an der Administration publique sinn nach ëmmer ze laang
– Lëtzebuerg huet eng mëssgléckte Verkéierspolitik
– de Staat spuert net genuch bei sech
Als Kandidat fir de Poste vun Nationalpresident huet de Jean Schoos drop insistéiert, datt d’ADR wëll konkret Léisunge fir dës Problemer proposéieren.