Neijoerschpatt 2024: Réckbléck op e gutt Joer

Gutt Stëmmung um Neijoerschpatt vun der ADR: Iwwert honnert Leit hunn sech den 11. Januar um Cents zesummefonnt, fir op engt fir d’ADR ganz erfollegräicht Joer zeréckzekucken. An enger kuerzer, awer kämpferescher Ried betount de Parteipresident Fred Keup, datt d’ADR – gestäerkt duerch den Elan vun de Chamberwalen – motivéiert an d’Europawale geet. “Mir freeën eis op d’Europawalen”, esou den Tenor vun der Ried. Wat d’Europawalen ugeet, ënnerscheeden sech CSV, DP, LSAP an déi Gréng kaum vuneneen. Och hei bitt d’ADR eng wierklech Alternativ fir eng staark Stëmm fir Lëtzebuerg an der EU.

Hei fannt Dir weider Impressioune vun där flotter Soirée:

 

Deel dëse Post: