Neien Deontologieskodex fir Ministeren – ouni efficace an onofhängeg Kontroll keng Glafwierdegkeet!

D’ADR hat am Januar 2022 eng Motioun an der Chamber deponéiert, an där gefuerdert gouf, datt am Hibléck op deen neien Deontologieskodex fir Ministeren d’Chamber an d’Ernennung vun de Membere vum Comité d’éthique misst agebonne ginn. Mir haten och gefuerdert, datt de Comité d’éthique vun all Deputéierten ugeruff kéint ginn. Leider huet deen neien Deontologieskodex fir Ministeren, deen de 24. Mäerz 2022 als Arrêté grand-ducal am Mémorial publizéiert gouf, d’Chance verpasst, fir sech duerch besser Kontrollmechanisme méi Glafwierdegkeet ze ginn.

Wat de Comité d’éthique ugeet, dee vis-à-vis vum alen Deontologieskodex liicht gestäerkt gouf, huet ee weider den Androck, d’Regierung wier just un enger Kontrollinstanz intresséiert, déi si selwer kontrolléiere kann. Déi dräi Membere vum Comité d’éthique ginn och weiderhi vun der Regierung ernannt a sinn domat der Kontroll vum Parlament entzunn.

Ass et net verwonnerlech, datt ee Kontrollorgan, dat ze préiwen huet, ob d’Membere vun der Regierung sech korrekt verhalen, vun der Regierung selwer ernannt gëtt? D’Regierung huet domat bewisen, datt si net u politescher Transparenz intresséiert ass an datt d’Meenung vun der Chamber, wat d’Verhale vu Ministeren ugeet, si net intresséiert. D’Chamber gëtt zwar gewuer, wann ee Minister géint deen neien Deontologieskodex verstouss huet, si huet awer keen Afloss drop, ob dësen Deontologieskodex applizéiert gëtt oder net, well et an den neie Bestëmmunge kloer heescht: „Le comité d’éthique veille à l’application des dispositions du présent arrêté par les membres du Gouvernement.“ D’Chamber ass och net an der Lag, d’Dispositioune vum neien Deontologieskodex periodesch ze evaluéieren oder Ännerungsvirschléi ze maachen, well och dat fält an d’Kompetenz vum Comité d’éthique.

D’ADR wäert och an Zukunft derfir suergen, datt Interessekonflikter vu Ministeren ëffentlech diskutéiert ginn, an net just am Comité d’éthique.

 

Pressematdeelung vum 29. Mäerz 2022

Deel dëse Post: