Neie Leak beim SREL?

No Informatiounen aus der nationaler Press vum 6.November 2020, ass et engem Staatsbeamten, deen net Informatiker ass, gelongen sech eng  Lëscht vu ronn 80 Mataarbechter vum SREL zesummenzestellen. Weider heescht et de Beamten hätt de SREL doriwwer informéiert an eng E-Mail u seng Direktesch geschéckt, déi awer ni geäntwert hätt. Weider hätt hien den Här Staatsminister informéiert, den och net geäntwert hätt, a mam Chef de Cabinet  vum Här Staatsminister geschwat. Elo stellt sech déi grouss Fro firwat de Xavier Bettel, dee jo fir de Geheimdéngscht zoustänneg ass, nach net dorobber reagéiert huet a wéini hien doriwwer informéiert ginn ass. Kéint et sinn datt sech hannert dëser Affär e gréissere Sécherheetsproblem beim SREL verstoppt?  

Deel dëse Post: