Nei Zollgebühren – gi Bestellungen onbezuelbar?

D’EU zwéngt de Memberstaate vum 1. Juli un zousätzlech Zolltariffer op. Bis ewell ware Päck vun engem Wäert fir manner wéi 150 Euro ëmmerhi vun zousätzlechen Tributer befreit. Et gouf “just” déi national TVA fälleg. Elo kënnt op Drock vun der EU, a méiglecherweis mat Zoustëmmung vun der Lëtzebuerger Regierung, onofhängeg vum tatsächleche Wäert op all ënnerschiddlechen Artikel en Opschlag vun dräi Euro dobäi. Op deen Opschlag ginn dann och déi 17 Prozent TVA erhuewen. Falls Dir Iech en alldeeglechen Artikel am Wäert vu fënnef Euro bestellt, bezuelt Dir 3 + 5 = 8 Euro, an op déi 8 Euro 17 TVA. Sinn d’POST an aner privat Déngschtleeschter, déi hëllefen déi Taxen ze reegelen dorop virbereet a wäert iwwerhaapt nach een eppes bestellen? Eng dréngend parlamentaresch Fro vum Lexy Schoos:

Här President,

esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister an un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.

Op Basis vum “Règlement (UE) 2026/382 du Conseil du 11 février 2026 modifiant le règlement (CE) n° 1186/2009 en ce qui concerne la suppression de la franchise douanière fondée sur un seuil” triede vum 1. Juli un och zu Lëtzebuerg nei Douanestariffer a Kraaft, déi virleefeg bis zum 1. Juli 2028 gëllen. Op all (ënnerschiddlech) Wuer an engem Wäert vu manner wéi 150 Euro, déi aus engem Drëttstaat importéiert gëtt, gi pauschal dräi Euro Zoll erhuewen, ob déi duerno och déi 17 Prozent national TVA ze bezuele sinn. Deen Opschlag gëtt fälleg, onofhängeg dovun, ob eng Wuer e Wäert vun zum Beispill fënnef oder 149 Euro huet. Wuere mat engem gerénge Wäert kënnen sech doduerch iwwerproportional verdeieren. Zu Lëtzebuerg ginn déi Käschte vis-à-vis vum Staat deelweis duerch d’POST an aner Déngschtleeschter an deem Beräich virgestreckt an dem Client spéider facturéiert.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës dréngend Froe stellen:

  • Huet de Lëtzebuerger Vertrieder am EU-Ministerrot dës Reegelung matgestëmmt? Falls jo, op Basis vu wéi engen Argumenter?
  • Gëllen dës Tariffer fir Wueren, déi vum 1. Juli u bestallt ginn oder nodréiglech fir sämtlech Wueren, déi vum 1. Juli u geliwwert ginn?
  • Sinn d’POST an aner privat Déngschtleeschter op déi Ëmstellung virbereet, fir se pünktlech zum 1. Juli ze applizéieren? Sinn si technesch a personell esou opgestallt, datt et net zu Verzögerunge bäi der Ausliwwerung kënnt? Falls net, bis wéini ass virgesinn, datt si sech konforméieren?
  • Geet d’Regierung dovun aus, datt d’Fraise fir dës Formalitéiten ze verwalten, duerch dës Moossnam wäerte steigen? Falls jo, a wéi engem Ëmfang? Falls net, firwat net?
  • Ginn d’Bierger am Virfeld iwwert dës Neierung informéiert, fir deier Oppräisser an och eventuell Konflikter mat den Déngschtleeschter ze vermeiden?
  • Geet d’Regierung net dovun aus, datt et opgrond vun där Neierung zu engem Abroch vun de Bestellungen am ënneschte Präissegment kéint kommen? Vu wéi vill zousätzlechen, respektiv wéi vill manner Recetten opgrond vun där Moossnam geet d’Regierung fir d’Méint Juli bis Dezember aus?
  • Wéi verdréit déi Praxis sech mat der Promotioun vum internationale Fräihandel duerch d’Regierung an d’Europäesch Unioun? Riskéiert déi Moossnam net zu zousätzlechen internationalen Handelskonflikter a géigesäitegen Zollerhéijungen ze féieren?

 

Deel dëse Post: