Nei Stage-Konditioune fir d’Enseignantë kontraproduktiv?

D’Erofsetze vun der Stagezäit fir d’Enseignanten kéint laangfristeg méi negativ Effekter hunn wéi positiver. D’ADR ass der Meenung datt sech doduercher net méi jonk Leit motivéiert fillen fir Enseignant ze ginn.Vun der Rentrée am Hierscht un, geet d’Stagezäit am Secondaire vun 3 op 2 Joer zréck, am Fondamental ass et souguer nach just 1 Joer Stage. Mat der Reform gëtt de Stage dann och inhaltlech vereinfacht. D’ADR ass net géint eng Reform vum Stage, ma des Reform misst awer eng héich Qualitéit vun der Schoul garantéieren. Mam neie Gesetz wär dat awer net de Fall. Déi bekannte Problemer an de Lëtzebuerger Schoulen, datt de Niveau an d’Discipline permanent ofhuelen, géifen doduercher net geléist ginn. Weider hunn ADR, CSV a Piraten kritiséiert datt d’Gesetz just virun der Summervakanz duerchgepeitscht gëtt, gefuerdert gëtt méi Respekt virum Parlament.

Deel dëse Post: