Nei Sektioun Mamer-Kielen: Éischt Generalversammlung!

Am Bezierk Süden ass déi éischt Generalversammlung vun der neier Sektioun Mamer-Kielen iwwert d’Bün gaangen, dat a Presenz vu gläich zwee Deputéierten, dem Gast Gibéryen an dem Fernand Kartheiser. An enger gudder Ambiance am Restaurant La Croccante zu Mamer sinn déi 5 Membere vum Kommitee bestëmmt ginn, dat sinn de Fred Keup, de Frederic Becker, de Claude Bintz, de Fernand Schmit an den Dan Hardy. Bei hinnen handelt et sech ëm Awunner vun Uertschaften aus dem Kanton Capellen. Mir wënschen der neier Sektioun vill Gléck an hoffen datt vill nei Memberen mathëllefe fir eng aktiv Politik ze maachen déi nach no beim Bierger ass.

Deel dëse Post: