Nei Retarde beim Käerjenger Contournement?

Firwat kënnt et zu ëmmer neie Retarde beim Bau vum Käerjenger Contournement? De Fernand Kartheiser freet no!

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ëmweltminister, un den Här Wirtschaftsminister an un d’Madamm Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Informatiounen aus der Press no soll et am Dossier Käerjenger Contournement nees zu neie Retarde kommen. Den Ëmweltministère hätt weider Detailer gefrot.

Dowéinst wollt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Wéi eng Delaie si realistesch fir den Dossier am Ëmweltministère ofzeschléissen? Geet et just nach ëm Kompenséierungsmoossnamen oder wéi eng Aspekter missten nach gekläert ginn?

      2.Wéi en Delai ass realistesch fir d’Gespréicher iwwer d‘Verleeë vum Standuert vun enger Firma,  där hiren Terrain fir de Bau géif gebrauch ginn?

      3. Wéi en Delai gesäit d’Regierung elo vir am Hibléck op den Ufank vun de Bauaarbechten um Käerjenger Contournement?

Mat déiwem Respekt, Fernand Kartheiser, Deputéierten

Deel dëse Post: