Nei Gebührenuerdnung um Findel

Säit dem 1. Mäerz dës Joer ginn um Findel nei Taxen erhuewen, fir eng Rei Renovatiounsaarbechten ze finanzéieren. Un sech eng gutt Saach, well d’Käschten op déi Manéier direkt vum Bénéficiare gedroe ginn an de Steierzueler geschount gëtt. Am Hibléck op déi praktesch Ëmsetzung stellen sech awer puer kritesch Froen. Firwat ginn Nuetsflich ganz héich besteiert, wann se laut Ausso vum Minister kaum virkommen? Ausserdeem ginn et begrënnt Zweiwel, ob déi entspriechend Jurisprudenz wierklech um leschte Stand ass.

Deel dëse Post: