Nei Corona-Moossnamen: En Hin an Hir ouni Verstand!

Matdeelung un d’Press:

D’ADR hëlt zur Kenntnis, datt d’Regierung, elo mol bis zum 31. Januar, nees eng laang Rëtsch vu legislativen Ännerunge proposéiert. Alt nees feelt e novollzéibaart Gesamtkonzept. D’ADR verlaangt dogéint, datt laangfristeg a previsibel Moossname geholl ginn, déi et de Leit géingen erlaben sech beschtméiglechst virun Ustiechungen ze schützen, an déi et hinnen an den Entreprisë géingen erméigleche fir sech an dem Sënn ze organiséieren.

D’ADR kritiséiert, datt d’Regierung all puer Wochen nei Reegelen erfënnt, déi vun där ganzer Gesellschaft permanent Ustrengunge verlaange fir sech de grad aktuelle Laune vun der Regierung unzepassen. Besonnesch fir d’Entreprisen an d’Schoule féiert dat zu ëmmer neie Belaaschtungen.

Déi flagrant Inkoherenze bei de Moossname vun der Regierung an déi permanent Ännerunge vun de Reegelen ënnergruewen d’Vertraue vun ëmmer méi Bierger an d’Politik.

D’ADR vertrëtt d’Linn, datt d’Regierung soll effikass Moossnamen am ëffentleche Raum fir de Schutz vun der Gesondheet vun de Leit huelen, sech awer aus der Privatsphär vun de Leit muss eraus halen. Si refuséiert dowéinst besonnesch och d’Ausgangsspär an all Amëschung an d’Privatliewe vun de Leit, wéi z.B. Virschrëften iwwer d’Zuel vun de Leit déi ee bei sech doheem däerf empfänken. Si verlaangt dogéint, datt de Staat endlech soll credibel Konzepter fir den ëffentlechen Transport, besonnesch och de Schülertransport virleeën.

D’ADR verlaangt weiderhin datt den HORECA-Secteur muss kënnen op hunn. Si verlaangt och, datt de Commerçante méi Vertrauen entgéint bruecht gëtt an datt si eegeverantwortlech, am Kader vun deenen allgemenge Sécherheetsreegelen, e sanitäert Konzept fir hir Geschäft kënnen decidéieren. Déi Restriktioune fir de Commerce déi d’Regierung wëll aféieren, maachen et de Geschäftsleit ganz schwéier fir iwwer d’Ronnen ze kommen. Et muss dowéinst sécher gestallt sinn, datt de Chômage partiel weiderhi voll zur Geltung kënnt an datt d’Entreprisen esou vill wéi méiglech gehollef kréien. D’ADR erënnert un hir Propositioune fir de Chômage partiel, bis zu engem gewësse Plaffong, op 100% ze hiewen an d’Hëllefe fir d’Entreprisë bedeitend an d’Luucht ze setzen.

D‘ADR kann net akzeptéieren, datt et hei am Land zu deelweis absurden, repressive Moossname kënnt, wéi z.B. datt d’Police intervenéiert wann d‘Kanner mam Schlitt fueren. D’ADR appelléiert un d’Regierung fir der Police méi nuancéiert Instruktiounen ze ginn, ëmsou méi datt vill Leit, déi an der Vakanz am Ausland sinn, sech net mussen änlech repressive Moossnamen aussetzen.

D‘ADR vertrëtt e Gesellschaftsbild an dem de Staat sech net däerf zum Tuteur vun de Bierger opspillen. D’Leit si mëndeg Bierger déi eegeverantwortlech kënnen hir Decisiounen huelen.
D’ADR ass der Iwwerzeegung, datt d‘Regierung der Situatioun einfach net gewuess ass. Permanent Ännerungen an e systemateschen Duerchernee sinn d’Markenzeeche vun der Gambia-Krisegestioun. Gambia huet wuel de Weltrekord vun der Zuel vu Pressekonferenzen, awer virun allem och d’Goldmedaile vun der Konzeptlosegkeet.

Deel dëse Post: