Nei Bankendirektiv schlecht ëmgesat

Normalerweis mécht d’Lëtzebuerger Chamber Gesetzer, déi d’Finanzplaz betreffen, an Ofstëmmung mam Secteur. Ze wichteg ass dësen esouwuel fir den Aarbechtsmaart wéi och fir de Staatsbudget. Dofir war de Roy Reding de 17. Dezember guer net zefridden iwwer d’Ëmsetzung vun enger EU-Direktiv iwwer „Bank Recovery and Resolution”. Net nëmmen huet Lëtzebuerg déi wichteg Direktiv vill ze spéit ëmgesat, kritiséiert de Roy Reding, mä de Finanzminister ass och nach wäit iwwer d’Ziel erausgeschoss. Dat Gesetz géing Lëtzebuerger Banke par rapport zur Konkurrenz Millioune vun Zousazkäschte maachen a wär dofir einfach schlecht fir d’Land. Dofir wéilt d’Regierung an d’Majoritéit an der Chamber et mordikus duerchbaatschen.

Deel dëse Post: