NEE zum UNO-Migratiounspakt

Europa ass zanter Jore mat enger massiver Immigratiounswell konfrontéiert, déi op ville Plazen an Europa politesch destabiliséierend gewierkt huet. Et ass dohier wichteg, fir verantwortungsvoll, virsiichteg a vernënfteg mat deem Thema ëmzegoen. An enger Pressekonferenz vum 14. November ënnersträicht d’ADR, datt fir si den UNO-Migratiounspakt a senger Gesamtheet net akzeptabel ass. Mat enger allze vill ideologescher a praxisfriemer Approche vertrëtt dëse Pakt Inhalter, déi enger renger Fiktioun gläichen. Esou seet z.B. de Punkt 39 vun deem Pakt aus, datt all Länner – och Lëtzebuerg – esou wuel Zil-, Transit- an Hierkonftslänner sinn. Dobäi gëtt d’Realitéit ausgeklamert, datt besonnesch westeuropäesch Staaten éischter zu den Zillänner, ewéi zu den Hierkonftslänner zielen – eng ideologesch verblennten Approche also. De Fuerderungskatalog schéngt kenger aktueller, rechtlecher, faktueller oder politescher Noutwennegkeet ze entspriechen an ass also éischter e politesch, finanziell an/oder ideologesch motivéiert Instrument. Fatzeg Kritik gëtt et dann och un der Prozedur vum Dokument: Eng Prozedur, déi d’Autoritéit vum Parlament komplett ignoréiert, ass per se ondemokratesch. Bedenklech ass och, datt een e Mënscherecht op Migratioun an dësen Text eraninterpretéiere kann. Dëst géif diametral am Widdersproch stoe mam Konzept vun de souveräne Staaten.

Inakzeptabel ass fir d’ADR och déi eesäiteg positiv Duerstellung vun der Migratioun. Dëst entsprécht net der der Wourecht well d’Migratioun esou wuel fir d’Hierkonftslänner, ewéi och fir d’Zillänner eng Rei u negative Konsequenze kann hunn, z.B. den onmoralesche Brain-Drain, den Drock op de Wunnengs- an Aarbechtsmaart, Exploitatioun, sozial Dereguléierung, Iwwerbeusprochung vun de budgetäre Mëttelen an der Sozialversécherung asw. Den UNO-Migratiounspakt kéint och negative Konsequenze fir d’Press hunn, wann si onbequem Standpunkten zum Thema Migratioun vertrëtt. D’ADR seet dofir kloer Nee zum UNO-Migratiounspakt a wäert sech mat dësem Standpunkt och Gehéier an der Chamber verschafen.

Deel dëse Post: